Gespräch

Interviewportrait vum Literaturkritiker Jérôme Jaminet

von Samuel Hamen
Juli 23, 2015 / 0 Kommentare

Ee Sënn fir Inszenéierungen huet de Jérôme Jaminet op jiddwer Fall. Scho vu wäitem weess een, wat ugerullt kënnt. D’Nummereschëld vu sengem Auto dréit seng markant Initialen a säi Gebuertsjoer. Mat wässeim Stréihutt an engem Hiem aus Léngent klëmmt den „JJ 1979“ dann aus dem Auto, wéi wa mir eis net zu Miersch nieft den Agrar-Siloen, ma zu Aix-en-Provence treffe géifen. Wéinstens d’Wieder spillt mat, et ass Ufank Juli, an e puer Stonnen wäert am „Centre national de littéraire“ de Prix Servais, de wichtegste Literaturpräis am Joer, un den Auteur Roland Meyer decernéiert ginn. Mir wëllen eis iwwer d’Literatur zu Lëtzebuerg, a besonnesch iwwer d’Literaturkritik, ënnerhalen.

Déi ass nach ëmmer respektiv nees an der Kris. Jee no Kommentar wäert se deemnächst viru lauter Lethargie kollabéieren oder awer vu lauter Amateure géint eng massiv Mauer gejummt ginn. A mat wiem léisst sech doriwwer besser schwätze wéi mam Jaminet, deen als „Booklooker“ de Literaturkritiker vun Eldo Radio ass? Déi Kombi kléngt wéi ee Paradox, jo, wéi een Oxymoron, ass en fait awer am beschte Sënn eng vun de ville Populariséierungsstrategien, déi de Jérôme Jaminet als ambassadeur vun der Literatur ergraff huet. Séier bréngt de Jaminet dann och d’Formule vun der „Klasse für die Masse“ an d’Spill, eng ambitionéiert a kontinuéierlech Schaff also, déi souwuel am Déngscht vum Buch, ma och vum Lieser a vun der Lieserin steet.

Mat enger strenger Ënnerscheedung tëscht Trivial- an Héichliteratur kann a wëll hie wéineg ufänken: „Et ass wichteg, bei der Literaturkritik net nëmmen de Fachkollej am A ze hunn, mee och a virun allem de Lieser an d’Promotioun vum Buch. Ma hien huet nach weider aphoristesch arrangéiert Regele fir eng credibel Literaturkritik op Lager: „Nëmmen deen, deen ee Versteesdemech fir d’Uspréch vun engem Buch huet, ka literaturkritesch schaffen. Nëmmen deen, deen d’Héiflechkeet vun der Däitlechkeet besëtzt, soll eng Kritik schreiwen.“

Mir sëtzen an der „Fabrik“, engem vun deene schicken neie Restaurants, déi sech vill Méi ginn, industriell-individuell ze wierken, bei deenen een awer ëmmer d’Gefill huet, an enger just schlecht renovéierter Tutefabrik ze sëtzen. A well d’Gespréich geféierlech harmonesch verleeft, geheien ech mol eng stëppeleg Fro iwwer de Shabby-Chic-Dësch: Ob hie sech fir den Job als Kritiker entscheed hätt, well seng literaresch Carrière näischt gi wier? An enger Anthologie vum Editiounshaus Hydre hat hien 2013 eng Erzielung publizéiert, ee Kritikerkollej hat nawell net gutt iwwer seng Geschicht geschriwwen. Dem Booklooker seng Äntwert: Nee, hie géif zwar nach heiansdo privat Gedichter op d’Blat bréngen, mee ee Commentaire iwwer Literatur ze schreiwen géif him méi zousoen, wéi selwer Literatur ze schreiwen. Ma zu deem Text an der Anthologie géif hien awer nach ëmmer stoen.

Mam Jérôme Jaminet kann een erstaunlech vill Zäit domadder verbréngen, engagéiert iwwer Literatur ze schwätzen. Dat mécht och säin Optrëtt an der Ëffentlechkeet aus, deen net seele kritiséiert gëtt, ënner anerem vum Valerija Berdi an enger Replik op een Text vum Jaminet am Forum. Hie schwätzt numol vun der Literatur, wéi wann et eng Häerzenssaach wier, wéi wann eigentlech jidddwereen un näischt anescht ze denken hätt, esou vill Wäert gesäit hien am Liese vu Bicher. An doranner ass de Booklooker engersäits bewonnernswäert energetesch, anerersäits beneidenswäert romantesch. Wie kënnt dann nach am Joer 2015 op déi megalomanesch Iddi, een Ein-Mann-Projet ze lancéieren, fir d’Buch ze retten?

Zum Schluss nach e puer séier Froen, well mir eis fir d’Remise vum Prix Servais tommele mussen: Dräi lëtzebuergesch Bicher, déi ee gelies muss hunn? „Mumm Séiss“ vum Dicks, „Etwas fehlt immer“ vum Guy Helminger an „Frigo“ vum Claudine Muno. Vu wéi engem jonken Auteur ee sech eppes erwaarden däerf? Vum Valentine Tusa, dat mat 14 Joer de Prix Laurence an der Kategorie fir déi Jéngst gewonnen huet. Beandrockt ass de Booklooker bei der Laureatin virun allem vun der sproochlecher Maturitéit. Wéi gesäit et aus mat Initiativen, fir d’Situatioun vun der Literatur a vun der Kritik ze verbesseren? Geplangt wier vill, seet den „JJ 1979“, ënner anerem eng regelméisseg geplangte Revue mat Musék a Liesungen, an där sech Kritiker iwwer Bicher ënnerhalen, eng Anthologie, déi d’Texter vu verschiddene Kritiker versammelt, an ee Projet, fir an auslänneschen Zäitschrëften Kritiken zur Luxemburgensia ze plazéieren.

No eisem Treffe fillt et sech am CNL e bësse wéi eng Fauscht op d’A un, wéi de Roland Meyer a senger Ried iwwer d’Literaturkritik hei am Land flucht. Wat fir een Timing. Hie monéiert d’Onloscht vu ville Journalisten, nei Bicher virzestellen, soweí déi dacks apathesch Reaktioun op nei kulturell Projetën. Jo, okay, villes dovu stëmmt. An awer muss een den disruptiven Elan vu sou Akteuren wéi dem Booklooker dergéinthalen. Vu Lethargie war bei eisem Treffen op jiddwer Fall näischt ze spieren, ganz am Géigendeel. Vu lauter Schwätzen hat de Jérôme Jaminet no enger gudder Stonn mol net d’Hallschent vu senger Pouletszalot opgepikt kritt.

(Update, 2018: 2017 huet de Jaminet mat sengem Format „Booklooker“ bei Eldo Radio opgehal, zënterhier ass hien als Freelance fir in- an auslännesch Medien ënnerwee. Kuckt och säi Profil „Der kritische Blick“ bei facebook. Vun den Initiativen, déi zu där Zäit a kuerz duerno lancéiert goufen, huet sech leider net vill realiséiert; dat wäert och, wéi de Meyer sot, un der Lethargie vun den Akteuren hei am Land leien. Wat et nach ëmmer gëtt – a wat och onbedéngt ze suivéieren ass: de „LiteraturLabo“, deen an enger changéiert personaler Konstellatioun, e puer Mol d’Joer iwwer literaresch aktuell Sujete schwätzt.)

Samuel Hamen

Aktualisierte Fassung (03/2018), zuerst gekürzt erschienen im Lëtzebuerger Journal im Rahmen der Literaturkolumne:

    

 

kmmtr schreiben

Bitte beachten: Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.
Falls Du eine Website einträgst, wird diese mit deinem Namen verlinkt.