Kommentar

Mediebëtzeg 1/6: D’Astrid Lulling oder D‘Erklärgroussi vu Lëtzebuerg

von Samuel Hamen
Dezember 13, 2016 / 0 Kommentare

Et soll an dëser Kolumne ëm de medialen Schiet goen, dee Persounen an eiser duerchmedialiséierter Welt werfen. Dee Schiet gëtt duerch all Text, an där d’Persoun virkënnt, an duerch all Foto a Video, an där si ze gesinn ass, multiplizéiert – sou wéi de Fussballspiller um Terrain op ee Mol véier Schiet huet, well e vun de Liichtmasten an all Eck vum Stadion ugestraalt gëtt. Just datt Leit, déi an de Medien präsent sinn, net véier, ma vill méi vun deene mediale Schiet mat sech rondrëmschleefen. Wéi konstituéiert sech esou eng Persona? Oder gëtt si éischter vu bausse konstruéiert? A wéi trëtt esou eng Persoun als medialt Phänomen am Lëtzebuergesche Medienkontext op?

D’Astrid Lulling huet den Iwwerbléck. Iwwert dat Butzegt an iwwert dat Globalt: de Brexit, de Schëfflenger Kiosk, den Donald Trump, d’Wellness-Offerten zu Mondorf, d’Flüchtlingen, „Lëtzebuerg Privat“ an de Putsch an der Türkei. An d’Astrid Lulling léisst eis alleguerten Deel huelen un hirem Iwwerbléck. Regelméisseg trëtt déi Lëtzebuergesch Politikerin, déi eng gefillten Éiwegkeet fir d’CSV am Europaparlament souz, mam Jos Roulling am Video-Format „Riicht eraus“ op, dee beim Sender „apart TV“ produzéiert gëtt. Déi eenzel Clips sinn och online accessibel.

„Riicht eraus“ erënnert een un eng gelunge Mëschung aus CNN, Chamber-TV a Provënz-Talk-Show. Den Tapis am Studio ass beige an ellen, den Dësch ass gro an ellen, d’Fotelle si schwaarz an ellen. An awer – ech hu mat vill Interessi all d’Folge gekuckt, déi bis elo diffuséiert goufen. „Riicht eraus“ presentéiert eis politesch Noriichten am Potermodus. De Jos Roulling sëtzt als blokaréierten Sidekick nieft der Lulling a liwwert hir déi passend Stéchwierder: „Deen Trump do, wat solle mir dovun halen? Erziel mir mol e bësse vun deene Walen!“ Oder: „Also Schëffleng. Wat ass do mat deem Kiosk lass?“ Hie kléngt wéi en erféiert Kand, dat fir d’éischte Kéier Schnéi gesäit a seng Mamm voller Virwëtz freet: „Wat ass dat? Kann ech dat iessen?“ An d’Mamm aka Lulling wackelt mam Kapp a seet: „Lauschter mol, Bouf …“

An enger Zäit, an där alles onkloer schéngt, an där déi däitsch BILD op ee Mol net méi just nach béis ass, an där blolackéiert Nazie vun der AFD d’Leit mat faschisteschem Brach ulackelen, a sou enger Zäit séine mir eis no enger Persoun, déi d’Weltlag fir eis sondéiert. An Däitschland gouf dofir deslescht de Philosoph Jürgen Habermas rekrutéiert. An engem groussen Interview mat der „ZEIT“ huet hien iwwert Europa, de Kapitalismus an iwwerhaapt iwwert alles geschwat. Op „Spiegel Online“ ass dofir d’Kolumnistin Sibylle Berg zoustänneg, déi all Woch mat hiren zyneschen Texter eng grouss Community begeeschtert. Et deet gutt, sou Saachen ze liesen. Fir de latente Krisen-Thermometer hei zu Lëtzebuerg nees erofzekillen – dofir hu mir d’Astrid Lulling.

Si ass déi sympathesch Erklärgroussi, déi mir als Kand heemlech alleguerte wollten hunn. Eng Damm, bei där hirem Alter mir net un Alzheimer an ziddereg Hänn denken, mee u Wäisheet a Wäitsiicht. An och wann et mir bei Sujete wéi der Burka a belschen Terrorzellen séier ze konfus-konservativ gëtt, kucken a lauschteren ech hir ganz gären no, wéi si an deem mosche Studio sëtzt, dee wéi d’Salle d’attente vun engem miserabelen Zänndokter ausgesäit.

Equipéiert mat enger Permanente a fulminant faarwege Bluse potert d’Lulling iwwert d’Europaparlament wéi aner Leit iwwert d’Päischtcroisière. De Nigel Farage, deen d’Britten aus der EU erausgelunn huet, ass da séier „e groussen décke Schnëssert, deen souwisou ni eppes geschafft huet. Just gebläert am Plenum a natierlech ofgestëmmt, well soss kritt hie seng Diäten net. D’Lepenisten maachen et iwwregens genee sou!“ Och iwwert d’Steierreform hei am Land huet si natierlech eng Meenung: „Déi Leit, déi vill schaffen, déi fläisseg an dichteg sinn, deene kanns Du awer net d’Halschent vun deem, wat si sech erschafft hunn, ewechhuelen. Dat nennen ech net Besteierung, dat nennen ech Confiskatioun.“

Zwanzeg Minutte mat der Astrid a mam Jos – a schonns huet een dat kuerzt a gutt (a natierlech falscht) Gefill, Bescheed ze wëssen. Endlech nees een Iwwerbléck ze hunn. Datt sech déi Stëmmung schonns e puer Minutte méi spéit opléist wéi Niwwel am Laf vum Moien, leit och op der Hand. An der Tëschenzäit si jo 12 Push-Up-Noriichten um Handy opgeploppt. De Newsticker vun rtl.lu a lemonde.fr a faz.net tickt och monter weider. An „Riicht eraus“ gëtt jo just ee Mol de Mount produzéiert.

An enger Episod verzielt d’Lulling, datt den eemolege Chamberspresident Victor Bodson hir 1965 um Ufank vun hirer politescher Carrière gesot hätt: „An der Politik muss Du ëmmer dofir suergen, datt vun Dir geschwat gëtt. Wa net méi vun Dir geschwat gëtt, da bass Du net méi do.“ Am mediale Business ass et net anescht: Du muss ëmmer dofir suergen, vun iergendenger Kamera agefaang a vun iergendenger Luucht ugestraalt ze ginn. Soss gëtt et Dech net. An deem Sënn geheit d’Lulling och am Studio vun „apart TV“ hire schmocke mediale Schiet, méi präzis: dee vun der schnësseger Groussi, déi dem Land seet, wat gutt geet a wat schif leeft an dëser Welt. A well natierlech ëmmer villes gutt geet a villes schif leeft, wäert d’Team Roulling-Lulling wuel soubal net ophalen.

Samuel Hamen

zuerst erschienen in der Kulturbeilage des Luxemburger Tageblatt:

kmmtr schreiben

Bitte beachten: Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.
Falls Du eine Website einträgst, wird diese mit deinem Namen verlinkt.