Kommentar

Mediebëtzeg 2/6: Fausti oder Mat der Pioche géint de Klischee

von Samuel Hamen
Februar 2, 2017 / 0 Kommentare

 

An der Kolumne „Mediebëtzeg“ geet et ëm de Schiet, dee Persounen an eiser duerchmedialiséierter Welt werfen. Egal ob Texter, Fotoen, Musek-CDen oder Videoen – mat all medialer Koppie vun enger Persoun gëtt där hire Schiet multiplizéiert – sou wéi de Fussballspiller um Terrain op ee Mol véier Schiet huet, well hie vun de Liichtmasten an all Eck vum Stadion ugestraalt gëtt. Ma Leit, déi an de Medien präsent sinn, hunn net véier, mee vill méi vun deene Schiet. Wéi konstituéiert sech esou eng Persona? Oder gëtt si éischter vu bausse konstruéiert? An op wei eng Manéiere gëtt esou ee mediale Substitut vun der „richteger“ Persoun funktionaliséiert? Virun zwee Méint hat ech iwwert d’Astrid Lulling als Erkläergroussi vum Land geschriwwen. Dës Kéier geet et an der Kolumne „Mediebëtzeg“ ëm een anere VIP aus der Lëtzebuerger Medienlandschaft: the one and only Fausti.

De Bekanntheetsgrad vun enger Persoun léisst sech ganz séier erausfannen. D’Regel ass einfach: Wa mir déi Persoun just mam Virnumm nennen a jiddwereen nawell versteet, ëm wien et geet – da gëtt mat zimlech héijer Wahrscheinlechkeet iwwert ee Lux-VIP geschwat: de Jean-Claude, d’Monika, de Frank an den Andy, d’Léa, den Thierry oder d’Désirée. Mir kenne se alleguerten. An eben och de Fausti, dee mat biergerlechem Numm Faustino Cima heescht. Zënter méi wéi 60 Joer ass hien als Sänger a Batteur op Bühnen ënnerwee. A ganz éierlech: Jiddweree vun eis kennt bei Facebook op mannst eng Persoun, an där hirem digitalen Album et eng Foto gëtt, wou se de Fausti ëmäerbelt. (Ech hunn den Test gemaach a hu bei Facebook tatsächlech dräi Fausti-Fotoe fonnt.) 2002 war hie mat sengem Lidd „Bei mir ass et schéin“ beim ARD-Schlagerformat „Kein schöner Land“ ze gesinn.

D’Manéier, wéi wat an deem Museksvideo arrangéiert an duergestallt gëtt, verréit sou muenches iwwert de Fausti als Mediephänomen. Et fänkt schonns bei der Plaz un, déi fir d’Opnamen erausgesicht gouf: de Musée National des Mines zu Rëmeleng. Nieft dësem Musée a vläicht de gliesene Finanz- a Consulting-Palazzi um Kierchbierg gëtt et keen anere Raum, deen déi sougenannten national Identitéit méi staark symboliséiert. Et ass ee Raum, deen eng wichteg architektonesch an topographesch Relevanz huet fir d’Versteesdemech vu Lëtzebuerg als houfreg an onofhängeg Entitéit.

A genee duerch dëse Raum hopst a spréngt an dänzelt de Fausti, ee Bouf vun italieneschen Immigranten. Hie séngt op Lëtzebuergesch ee grujeleg reduzéierten a redundanten Text. D’Melodie, déi d’Lidd dréit, ass iwwerdeems un engem jiddeschen Vollekslidd orientéiert. D’Wuert „schéin“ kënnt an de Lyrics knapp dräi Minutte méi wéi zwanzeg Mol vir: „Bei mir ass et schéin, bei mir fléien d’Spéin. Bei mir ass et schéin, et ass schéi bei mir.“ Dat war et, méi geschitt net. Et geet och primär net ëm de Songtext, mee ëm dat ganzt Gewulls aus Symboler, Discoursen a Mentalitéiten, déi an dësem Video zesummefannen.

Mat um Terrain zu Rëmeleng ass d’Dicksy-Lentz-Band, déi d’Lidd instrumental begleet. Dat ass natierlech fir d’alleréischt eng Uspillung un eng speziell amerikanesch Jazz-Stilrichtung, déi ënnert dem Numm „Dixieland“ subsuméiert gëtt. Ma et ass awer genee sou natierlech ee Rekurs op déi lëtzebuergesch Literaturgeschicht. Mat hiren Numm rifft Band zwee vun eisen dräi Nationaldichter aus dem 19. Joerhonnert op, den Edmond de la Fontaine, genannt Dicks, an de Michel Lentz, deen den Text fir d’Heemecht geschriwwen huet. Also hu mir et mat nach engem Aarbechtsgeschir aus dem Nation-Buiding-Set ze dinn.Kuerz Rekapitulatioun: Op engem national-topographeschen Terrain séngt een Immigrantebouf op Lëtzebuergesch zu enger jiddescher Melodie a gëtt dobäi begleet vun enger Band mam Numm vun de wichtegsten Nationaldichteren vum 19. Joerhonnert. Ee méi schrot a wonnerbart Gewurrels u Codes a Symboler léisst sech bal net denken.

Direkt am Ufank vum Video geheit sech de Fausti eng Pioche wéi ee Mikrostänner iwwer d’Schëller, da schlappt hie weider a setzt sech och nach ee knätschfaarwege Bauhelm op de Kapp. Op engem éischten Niveau huet deen Deco-Quatsch nawell guer keng Bedeitung ausser eben dat ze sinn: Deco. Ma op engem aneren Niveau mécht dat alles nees respektiv iwwerhaapt Sënn. Et geet ëm eng historesch Emanzipatioun. De Fausti ass net méi de „Mario vum Chantier“, net méi den „Spaghetti-Friesser“, wéi et fréier sou ellen iwwert Immigranten aus Südeuropa geheescht huet, déi probéiert hunn, zu Lëtzebuerg, hirt Gléck ze fanne respektiv ze maachen. An dësem Musek-Video kënnen all dës Klischeeën a xenophob Rollemusteren elo erofgestrëppt ginn. Wat de Fausti weider duerch d’Minne marschéiert, wat hie déi historesch Bedéngtheet, fir déi hien, ob hien et wëll oder net, steet, méi a méi relativéiert.

Jo, méi souguer: Déi Accessoiren, déi fréier dozou do waren, eng Persoun eesäiteg an negativ ze charakteriséieren, sinn elo just nach Kuliss. D’Pioche an de Bauhelm si net méi déi bal schonns ontolgesch Accessoirë vum immigrantesche Schaffert, dee seng existenziell Erfëllung ëmmer a just an de Minne respektiv op de Chantiere fënnt. A gëtt et eppes méi Triumphales, wéi wann een, deen aus enger Communautéit kënnt, déi laang Zäit just iwwert hire migranteschen Hannergrond definéiert gouf, wann esou eng Persoun déi ganz Symbolik hannert deenen Definitiounsversich ad absurdum féiere kann? Genee dat mécht de wibbelege Clown-Chansonnier Fausti, ier hien am Museksvideo mam Zichelche fir d’grouss Final eran an d’Minn fiert.

Natierlech gëtt do net méi wéi fréier geschafft, ma just nach an d’Trompett geblosen an mat den Hëfte gewackelt. De fréiere Schaffberäich ass museal ginn. Och dat ass een Triumph vun engem Land mat Wuelstand: datt et sech et leeschte kann, déi brutal Plaze vun d’antan ze historiséieren an ze transforméieren. Nom Motto: Kuckt emol, wéi schlëmm et fréier war. A wéi gutt mir et elo hunn. Nieft de Fausti gouf fir dës Zeen dann och eng Muséespopp mat historeschem Schaffgezei gestallt.An op eng ganz bestëmmten, opak Manéier spigele sech dës Popp an de Fausti. Jo, wat ech mir de Video méi dacks ukucken, wat et mir méi opfält: De Fausti ass grad selwer dobäi, eng historesch Popp ze ginn. Eng hyperaktiv Popp, déi genee sou vill iwwert eis Zäit verréit, wéi säi museale Géigeniwwer eis iwwert d’Zäit vu virun honnert Joer renseignéiert. Hien ass souzesoen den zäitgenönnesche Mannequin ginn, an deem sengen Optrëtt a Gestus sech d’Kontinuitéit an d’Bréch vun de leschte lëtzebuergesche Jorezéngte spigelen.

A wat seet eis dës Zort vu Musekermusée um Enn? Datt et méiglech ass, vu falschen an onfaire Rollebiller fortzekommen. An datt et méiglech ass, den Terrain, op deem sech eng Natioun symbolesch definéiert, fir sech selwer ze reklaméieren, ouni an iergendeng Form vun Nationalismus ze geroden. Am Songtext heescht et jo net fir näischt: „Bei mir ass et schéin“ an net „Hei zu Lëtzebuerg ass et schéin“.

Samuel Hamen

zuerst erschienen in der Kulturbeilage des Luxemburger Tageblatt:

 

kmmtr schreiben

Bitte beachten: Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.
Falls Du eine Website einträgst, wird diese mit deinem Namen verlinkt.