Gespräch, Kommentar

„Dat ass och gutt, wa se schunkelen.“ De Sänger Serge Tonnar am Gespréichsporträt

von Samuel Hamen
Juli 8, 2017 / 0 Kommentare

 

Direkt um Ufank mussen d’Fronte gekläert ginn. Freet sech de Serge Tonnar iwwerhaapt, an enger Literaturkolumne opzedauchen? Versteet hien ee literarescht Gespréich iwwert säin neien Album „Bommeleeër Buddha“ net als Reduktioun a Beleidegung? Nee, nee, ginn ech séier berouegt, ech hätt mir keng Suergen ze maachen: „Zënter de Bob Dylan de Literaturnobelpräis krut, ass dat kee Problem méi fir mech.“

Vläicht glënneren dem Tonnar seng A bei där Äntwert vru Loscht, vläicht rullt hien och mat hinnen – ech kann et net wëssen. Mat eisen zwee verspigelte Sonnebrëller sëtze mir op der Terrass vum „Café Caramba“ a stuerkse sonneschei an eis ofgetéinte Gesiichter. De Café läit vis-à-vis vun der „Bouneweger Stuff“, nieft eis gëtt Shisha gefëmmt, heiansdo flitt ee Fliger vun der Cargolux iwwert eis Käpp. Mat enger decisiver Beweegung hat den Tonnar der „Stuff“ virdrun de Réck gedréit, fir op déi rout Plastiksstill vum „Caramba“ ze weisen – ee Geste, bei där eng Fro erlaabt muss sinn: Ass dat do iwwer net säi Publikum, den After-Work- a BoBo-Publikum vun der „Stuff“?

„Du sichs Dir däi Publikum jo net eraus, an ech si frou, iwwerhaapt eent ze hunn. An et ass mir egal, wou déi hierkommen, et sinn der och sécher dobäi, déi guer net meng Iddien deelen, mee dat weess Du jo net am Viraus.“ Eng nawell diplomatesch Äntwert, mee no puer Schlippercher vu senger Apfelschorle kënnt nach eppes no: „Mee ech hunn amfong léiwer sougenannten einfach Leit wéi d’Kulturschickeria.“ Ee Song vum Album heescht „Vollekslidd“, dacks geet och vun der Heemecht riets, an engem Lidd gëtt souguer um Michel Lentz sengem „Feierwon“ weidergeschriwwen.

Een naive Patriotismus verfollegt de Museker domadder awer net: „Ech spille bei menge Lidder bewosst mat patriotesche Symboler, Zitater, Lidder a Spréch, awer net just affirmativ. Ma et ass mir no enger Zäit bewosst ginn, datt ech doriwwer ee gewëssent Publikum uspriechen. Ech benotzen zënterhier méi bewosst déi Themen, vläicht souguer fir verschidde Leit ze iwwerzeegen. Dat ass vläicht eng nei Astellung, datt ee mat senger Konscht kann eppes änneren an de Käpp vun de Leit.“

Um Album, deen nees mat senger Band „Legotrip“ opgeholl gouf, probéiert den Tonnar genee dat: ee Spagat tëscht Zodi an Eescht, tëscht Pleséier a Pädagogik, tëscht séiere Spréch a seriöem Uleies. An dat kléngt mol wéi ee Biereler op der Kiermes, mol wéi ee Paschtouer an der Kierch; an d’Texter rutscht dacks ee liicht moralisteschen Toun, ee Sound, wéi wann een de villen „einfache Leit“ tëscht Riffs a Bass erkläre misst, wéi dat geet: een oppene Mënsch ze sinn, dee gläichzäiteg patriotesch dierf sinn.

Breede Spektrum u Lidder

Ënnert den uechtzéng Lidder gëtt et Tracks wéi „O mäi Gott!“, een anti-klerikalen Orgasmus-Song mat Zeile wéi „Gott, Gott, o mäi Gott / Ech mengen, ech hunn Dech fonnt, / ech spiere mech an Dir.“ Puer Minutte virdrun huet ee sech nach „Mir wëllen Iech ons Heemecht weisen“ ugelauschtert, ee Lidd, dat fir een oppent multikulturellt Lëtzebuerg plädéiert, mat Strophe wéi: „Musst dir iech heemlech iwwert d’Grenze schleisen / Eist klengt Land kann elo Gréisst beweisen / Well mir Iech net ofweisen / Mee mir wëllen iech ons Heemecht weisen.“

Vläicht muss ee sech op dëser Plaz fir eng Vokabel entscheeden: Esou ee Mix ass entweder dialektesch am Sënn vun engem breeden ambitiéise Spektrum, mat deem den Tonnar d’Leit souwuel ulackele wéi och erzéie wëll. Oder esou ee Mix ass dichotom am Sënn vun enger onkoordinéierter Artistik, déi net sou richteg weess, a wéi eng Richtung si sech entwéckele soll. Jee nodeems, wéi gären oder ongären een den Tonnar als medial staark präsent Kënschtlerpersoun huet, wäert ee sech fir déi léif oder déi béis Variant entscheeden.

Dëse breed Approch gëtt op jiddwer Fall gesanglech vun engem Chouer an instrumental vun der Marimba ënnerstëtzt – béid Elementer wierke wéi ee formale Kitt, fir déi verschidde musikalesch an textuell Usätz zesummenzebréngen. Eng Weiderentwécklung ass d’CD scho vum Titel a vum Cover hir: Um Album „Klasseklon“ vun 2011 hu mir den Tonnar nach als Che Guevara mat Klonsnues presentéiert kritt. Elo ass hien ee Bommeleeër am Schneidersëtz. Wat stécht dohannert? „De Bommeleeër ass ee Kënschtler, deen eppes declenchéiere wëll, dee Reaktioun ervirruffe wëll. Mee de Klasseklon gëtt et och nach ëmmer. Dat ass deen, deen an der leschter Rei sëtzt a méi zeréckgezu lieft. Dat brauchs Du och als Kënschtler: Du kanns net matzen an der Gesellschaft liewen a Konscht maachen. Dann huet een net déi néideg Distanz.“

Einfach mol verschwannen

Liest de Serge Tonnar iwwerhaapt Literatur aus Lëtzebuerg? „Leider net vill, nee, leider ganz wéineg.“ Keng Loscht? Keng Zäit? Kee Besoin? „Ech liese quasi nëmmen engleschsproocheg Literatur. Well ech dozou ee méi direkte Bezuch hunn. Vläicht well déi anglo-amerikanesch Literatur sech mat Theme beschäftegt, déi mech éischter uschwätzen: Musek, Popkultur, dat kënnt jo alles aus deem Raum.“

Dat muss ee sech eemol ginn: De Serge Tonnar, dee laut TNS-Ilres-Ëmfro mat ganzen aacht Prozent de bekanntsten nationale Kënschtler an deen a senge Lidder sou vill artistescht Potential aus dem Lëtzebuergeschen erauskriwwelt – hie liest sou gutt wéi keng Literatur aus Lëtzebuerg. Ma wiem säi Problem ass dat elo? Säin? Den Auteuren hiren? Oder ass et guer kee Problem? Et mierkt een him op jiddwer Fall kuerz ee schlecht Gewëssen un. Da verzielt hie séier, datt hie sech awer déi lescht Bicher vum Guy Rewenig a Francis Kirps kaf hätt. De Literaturkolumnist berouegt sech nees eng Grëtz, dann hänkt den Tonnar nach ee versöhnleche Saz hannendrun: „Ech interesséiere mech net fir Konscht, just well se lëtzebuergesch ass.“

An engem vu véier immens gelonge Kuerzlidder, déi den Artist selwer als „vertounte Gedichter“ beschreift, heescht et: „Wat wär et sou roueg, wat wär et sou stëll / Wa kee méi seng Wourecht wouer huele wëll.“ An am Lidd, „De leschte Bal“, eng melancholesch roueg Nummer, déi déi eege musikalesch Schaff thematiséiert, séngt den Tonnar: „An enges Daags weess ech, dat heiten / Dat war dee leschte Bal.“ Héiert een do net och de Wonsch eraus, dee ganzen ëffentlechen Zirkus hannert sech ze loossen? „Absolut, déi Loscht, déi huet ee méi dacks. Bis zum Enn vun dësem Joer wäert ech nach meng Projete fäerdegmaachen, an da wäert ech effektiv eng Paus maachen. Ech kéint elo all puer Joren een Album a mat Maskénada meng Theaterproduktioune maachen, mee ech wëll dat sou net.“ Hu mir eis op eng „Fin de carrière“ anzestellen? „Ech mengen net, dofir hunn ech nach bëssi ze vill Loscht op villes, mee ech stellen elo eng Kéier alles a Fro a kucken, wat geschitt.“ Paus. „Einfach mol bëssi verschwannen.“

Den Tonnar weess also, wéi eng Roll hien nom Klasseklon a möncheschem Konscht-Terrorist assuméiere wäert: déi vum temporäre Pensionär, vum Eremit. Vläicht besicht hie jo an där Zäit den anere grousse Kënschtler-Eremit, de Guy Rewenig, fir sech mat him auszetauschen. Da muss den Tonnar och schonns lass. A während hien a senger Liederjackett am Cowboy-Gank ewechstiwwelt, wiisst eng Fro an de blénkege bloen Himmel erop: Wie këmmert sech da vum nächste Joer un ëm d’Donnerwieder, dat hei zu Lëtzebuerg vill ze seelen erofkënnt?

Samuel Hamen

 zuerst erschienen im Lëtzebuerger Journal im Rahmen der Literaturkolumne:

kmmtr schreiben

Bitte beachten: Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.
Falls Du eine Website einträgst, wird diese mit deinem Namen verlinkt.