literarisches

Bal

von Samuel Hamen
Februar 1, 2018 / 0 Kommentare

Et war net ëmmer einfach, als Bouf vun enger Staatsbeamtin an engem Staatsbeamte grousszeginn. Dat kënne sech déi meescht elo net virstellen. Oder si wëllen et sech net virstellen, dat ass och mäi gutt Recht, mir näischt virstellen ze wëllen, wat geet Dech un, bläre se elo, sou iwwert eis ze schwätzen, Du Dëlpes. Ma genee sou ass et mäi gutt Recht, Dir Aaschlächer, schreiwen ech hinnen hei an elo zeréck, de Contraire ze verzielen. Iwwerhaapt mengen ech, datt déi meescht zwar soen, et wier hiert Recht, et net mussen ze wëllen, ma a Wierklechkeet ass et hir Inkompetenz, et net kënnen ze wëllen. Bon. Ech mengen elo, sech eppes virzestellen, dat anescht ass. Déi meescht Leit hu sech Scheiklappen ëm d’Aen an ëm d’Ouere gewéckelt, an dës Scheiklappe si riseg, si sinn enorm, sou grouss wéi amputéiert Flosse vun engem Buckelwal. Oder wéi sou schlabbereg Ouere vun enger aler afrikanescher Elefantemamm. Nujee, d’N14 wier elo ee gutt Beispill, awer net déi asiatesch Elefantenzort, dat sinn nämlech déi méi kleng Elefanten, an där hir Ouere sinn net grouss genuch fir d’Ignoranz an d’Idiotie hei am Land ze erklären. Also, déi Strooss tëscht Dikrech a Steeën, se huet eng laang gezuche Kéier, direkt hannert dem Mouschbierg zitt sech dës Kéier a lénks ass Bësch a riets eng wëll Wiss an de Papp huet dat alles gebaut.

Hien, de Papp, huet eng Macarono tëscht den Zänn hänke wéi ee labbrege Stréihallem. Dat ass d’Bild, dat hänke blouf: tëscht den Zänn vum Papp d’Macarono an tëscht dem Gehiergelée de Papp mat den Zänn mat der Macarono, dat alles um Kichendësch. D’Mamm huet d’Nuddel ëmmer an engem Zock eragesuckelt. Et war, wéi alles bei hir, ee Projet. D’Nuddel, also déi eenzel Macarono, heescht dat esou, de Singular, egal, hir Macarono ass ëmmer wibbeleg duerch d’Loft geflunn, d’Ramzooss, déi drunhoung, ass iwwert den Dësch gesprutzt, heiansdo hat ech se am Gesiicht peche wéi eng Schnuddel, nujee, an dann dat Geräisch, sou ee Schlürfen an Zéien a Schmatzen, wéi wann ee fleeschege Reewuerm, dee sech duerch de mätschege Buedem no uewe gewullt huet, wéi wann deen zeréck an d’Bannescht vun der Äerd gezu gëtt, duerch iergendee Vakuum oder sou, flang a flatsch a fort war d’Nuddel. Beim Papp houng deen Ament déi éischt Nuddel vum Dag nach ëmmer aus dem Mond wéi eng vreckte Schlaang. An där Zäit, an där d’Mamm nonzéng Nuddele wéi eng Maschinn a sech eragesuckelt hat, hat de Papp eng eenzeg Nuddel ugeknat. D’Macarono ass Stéck fir Stéck méi kuerz ginn, d’Pappelëpse waren zougepëtzt, a lues a lues ass d’Nuddel an de Mond eragekroch, an dat alles eemol d’Woch. Eemol d’Woch gouf et Macaroni bei eis, all Dënschden, an Dir gesitt, et ass, wéi ech scho gesot hunn, nawell net einfach gewiescht, de Bouf ze si vun enger Staatsbeamtin an engem Staatsbeamten.

Wéi ee butzege Späicher kënnt mir mäi Kapp vir. Verstëbst, stackdäischter an onnëtz. Et ass dem Papp seng Schold. Definitiv ass et seng Schold. Hien huet mäi Kapp zougedrätscht mat deenen Erënnerungen un de verschassenen Éislek. De Papp huet bei de Ponts et Chaussées geschafft, d’Mamm sot ëmmer just Pauvres Chaussées, ech hunn dat ni verstane gehat als Kand, a ganz éierlech: Och elo verstinn ech dat net wierklech. De Papp hat numol iergendeppes mat Stroossen ze dinn. D’N14 war ee vu senge Projeten, mee de Papp huet Stroossen net gebaut, nee, hien huet se baue gelooss. Hien stoung bei der Schaff dacks viru sou engem héijen Dësch an huet breet oder gestréchelt oder poulriicht Linnen op riseg Pabeiere gemoolt. Ech hu laang Joer missen op d’Zéiwespëtze goen, fir eppes ze gesinn, ma ech si jo méi grouss ginn a mat mir meng Zéiwespëtzen, an iergendwann, vläicht sou mat dräizéng Joer, konnt ech ganz genee gesinn, wéi de Papp seng Linealer am Grapp gehalen huet, hien hat siwe verschidde Linealer um Dësch leien, véiereckeger mat Caroen, natierlech ee Geodräieck mat giele Linnen, dann zwee Linealer mat Zacken, een dovunner war ganz orange, an ee mat engem sëlwerege Grëff. Dat war säi Liiblingslineal. Ech wousst et direkt. Et war d’Manéier, wéi hien en ugepaakt huet, e geheemelt huet, ier hien domat ee laanggezuchene Stréch laanscht ee Bësch gezunn huet. Jo, et war un deem Dag am Summer 2001, un deem ech gemierkt hunn, datt de Papp fir mech ni wäert sou vill Léift a Loscht kënnen opbrénge wéi fir säi Schaffgeschir.

Schwaarzen Téi soll maximal fënnef Minutten zéien, jee no Zort vläicht fënnefanenghallef Minutten. Mee net méi laang, nee wierklech, soss gëtt e batter, a wien wëll da schonns batteren Téi drénken? Mir sinn nees um Dësch. Bei eis fänkt ëmmer alles um Dësch un. Et ass fréie Moien, an den Dag virdrun hat d’Botzfra extra missen d’Fënster botzen, wéi wann d’Mamm gewosst hätt, datt mäi Kannerbléck eraus aus där Fënster, genee un deem Moien, Joer méi spéit, also elo, sou wichteg wäert gewiescht sinn. Mäi Bléck vun deemools, eraus op den Hiwwel, eran an de Niwwel, am September, iwwerall Dännen, déi sech op där aner Säit vum Dall an enger freeschlech latzeger Landschaft verluer hunn. D’Welt war a sou ee Jeeërgréng gezappt, déi eng tippesch Faarf do, déi vum Land Rover, dee vum bonzegen Dokter gefuer gëtt, deen een dichtegen Tipp mat der Panz voller Goss, dee jiddweree vun eis kennt, ëmmer ënnerwee fir op eng Klappjuegd, fir e Réi oder Wëllschwäin oder Fuuss vrecktzeschéissen, esou ee Gréng stoung mir virun, nee, net virun, ma an den Aen, wéi ech deemools aus där impeccabel poléierter Fënster erausgekuckt hunn. Et war genee zwielef Minutten op siwen, ech hat nach dräizéng Minutten, fir de Bus an d’Schoul ze kréien. An enger routinéierter Hetz géif ech an néng Minutten opsprangen, mäi waarme Schockela géif ech bal ëmstoussen, ëmmer just bal, bei mir ass zënter ëmmer alles just bal geschitt, an de Papp géif dann nees soen: Bal ass nach laang keng Maus an der Fal, an och un deem Moie géif dat fir mech kléngen, wéi wann den Deche mir säin houert Vater Unser un de Kapp geheit hätt. Ma nach ass et zwielef Minutten op siwen, elo dräizéng Minutten op, an de Säckelche mam schwaarzen Téi hänkt zënter aacht Minutten an der Taass vum Papp. Ech hat op meng Casio gekuckt, wéi hien den Téi an d’Waasser geluecht hat, mat all Sekonn ass säi dommen Téi méi batter a méi kal ginn, batter wéi Gal, genee wéi säi Liewen, brong wéi Schäiss, denken ech elo, dat huet hien och stoen an zéie gelooss, ouni sech ëm iergendeppes ze këmmeren, dee Fainéant, bis alles wootlech a batter war, gedu, froen ech hien elo, Du lidderegen Topert, ma natierlech gëtt hien mir keng Äntwert, an ech denke mir: Wéinstens ass haut net Dënschden, wéinstens gëtt et de Mëtte keng Nuddelen.

Den eenzegen Trouscht, deen ech duerno aus dëser Zeen zéie konnt, war d’Virstellung, datt knapp aacht Stonne méi spéit zu New York Fligeren an d’Tierm fléie wäerten. Op der Tëlee huet dat sou ausgesinn, wéi wann ee Kueb do hannen, lénks vum Trëppelwee, ze séier op deen een Dännebam duergeflu wier. Et gëtt ëmmer Biller, déi alles opléisen a Faarwen, Beweegung an Trouscht, an op MTV ass deen Nomëtten den neie Video vum Nelly gelaf. Ech hat viru kuerzem eréischt mäi Jep richteg fir mech entdeckt, spéit, ech weess, an d’Lidd huet Hot in here geheescht. Dat ass kee Witz, kuckt et no, wann Dir mir et net gleeft. Op ee Mol rifft meng Tatta un a seet: De World Trade Center explodéiert. Méi kréien ech net ze héieren, si hänkt direkt nees an, wéi wann se sech verwielt hätt. An da stinn ech do, d’Mossen danzen ëm den Nelly ronderëm a ginn ëmmer méi schweesseg, den Nelly séngt: The roof is on fire, a ganz éierlech, haut géif ech der Tatta soen: Net den Tuerm explodéiert, Du domm Trutsch, mee d’Fligere sinn an oder, fir ganz genee ze sinn, un den Tierm explodéiert. Mee si ass jo och dout, wéinstens dat, a wéinst hir zappen ech also heiansdo eriwwer op RTL oder op ARD a gesi Strécher virun engem groe Fong eroftrëllen, wéi wann den Ecran op puer Plaze futti gefuer wier. Wéi alles bis eriwwer war, hunn ech d’Tëlee ausgemaach an doriwwer nogeduecht, ob ech de Jitz mam T-Shirt oder mat engem Nuesschnappech ewechwësche soll.

De Problem waren jo net d’Nuddelen oder d’N14, an och de schwaarzen Téi wier u sech harmlos gewiescht. Ech gi si einfach net méi lass, näischt ginn ech méi lass, an d’Fro bleift: Firwat hänke meng Elteren a mengem Kapp wéi Mécken u sou enger pecheger Rull? Wibbele se do ronderëm, well se et verschass hunn? Oder ware se net dacks genuch do, deemools, an dowéinst braddelen ech elo ze vill vun hinnen? Ma wéinstens iwwert d’Nordstrooss kann ech rennen, ouni seng Stëmm a säin Houfert am Ouer ze hunn, mee op der N14, der ganzer CR308 oder der N10 hannert Stolzembourg, eigentlech duerch de ganzen Éislek erduerch sëtzt de Papp nieft mir um Sëtz. Kuck elei, seet hien, deen Terrain hu mir missen dem Schmitte Jhemp ofkafen, hien wollt, an ech wiesselen nach am Kaff selwer an de fënnefte Gank, de Kontrakt nëmmen ënnerschreiwen, nodeems jiddweree vun eis véier Drëppe mat him gedronk hätt. A mir haten eréischt hallwer zéng. An hei, an dëser Kéier si schonns néng Akzidenter geschitt, dat war dem Serge säi Projet, an ech spieren, wéi den Auto sech an d’Kéier leet a ginn nach méi Gas, de Serge war kee Gudden, héieren ech de Papp soen, wéi sou ee schäiss Speaker, wann de Radio automatesch wéinst der Stau-Info ugeet, hien war kee gudden Zeechner, jo, ech weess, Papp, an e gudde Mënsch war hien och net, de Serge, gedu. Sou geet dat weider, hien ass ëmmer bei mir, seng midd Stëmm, säi midde Bléck, d’Aklappe sou schwéier wéi bopeg Rideauen aus Brokat. Et ass bal net auszehalen, bal fir ze baschten, mee mir wëssen jo: Bal ass nach laang –

Mat de Stroosse selwer huet de Misär jo eréischt ugefaangen. De Papp huet se opgezeechent an du baue gelooss, an e puer Joer méi spéit, heiansdo och schonns no enger Rëtsch Méint, dat loung mol eng Kéier net an den Hänn vu menge Beamtenelteren, war et un der Mamm, fir lasszeleeën. Si war Untersuchungsriichterin, si ass op Akzidenter geruff ginn, fir d’Prozeduren anzeleeden, si, also fir genee ze sinn: mir kruten nuets um dräi ugeruff, wann et nees geknuppt hat. Laang Zäit sinn ech fréi an d’Bett gaangen, mee eréischt nodeems am Laf vum Owend oder der Nuecht den Telefon geschellt huet, konnt ech aschlofen. Wann ech se héieren hunn, déi abrupt piipseg Melodie an déi opgebauschte Stëll eran, dann ass mäin Häerz méi séier gaangen, ech hu mat den Zéiwe gewibbelt, géint déi frësch Decke mam Tintin, elo beim Schreiwe kréien ech souguer nees eng Héngerhaut, géint d’Decken, déi vun der Hëft u fest vun der Botzfra opgezu gi war, hunn ech mech laang a lues geriwwen, an et war ee grousse Genoss, mir virzestellen, wéi den Auto elo genee ausgesouch. Op e géint ee Bam oder eng Mauer gerannt war, oder souguer géint een anere Won. Nuets dat Bild, déi zwee Ween, déi sech an enger leschter Stol- a Blechëmaarmung fannen, déi zwee Capote fir ëmmer aneneegedrätscht, d’Karosserië gediebelt an auserneegesprong, an dann déi rout a wäiss a blo Luete vum Samu, vun der Police a vun de Pompjeeën. Eréischt duerno konnt ech endlech aschlofen. Den Dag drop géif ech jo souwisou alles erausfannen, mee dat heiten, hei alleng am Bett, dat waren déi beschte Stonnen, a mäi Schlof war ëmmer déif an ouni Dram.

Um selwechten Dësch, deem an der Kichen, dann och d’Gespréich um nächsten Dag, vläicht e puer Méint nom Jeeërgréng war dat. D’Fënster war nees méi dreckeg ginn, apparamment wollt d’Mamm net, datt ech haut erauskucken. Et gëtt, Bouf, un dësem Moien numol méi wichteg Saache wéi d’Landschaft an d’Liewen dobaussen, gedu, a souwisou loung Schnéi. Am Éislek läit ëmmer dee verschassene Schnéi. BMWe gëtt et dacks am Wäissen, mee dat ass ze blénkeg an ze glat, de Schnéimatsch hei ass ëmmer gro gewiescht, ni propper wéi am Film, ni wéi Eeërschnéi, éischter mat engem Zoch an d’Faarf vu Bulli. Keen Auto op der ganzer Welt huet dës tippesch Éisleker Faarf. Ech wousst deen Ament zwar nach net genee wou, ma et war ee gudden a schéine Gedanken un deem Moien: Iergendwou am Éislek, vläicht an engem schmuele Gruef nieft enger Gewan, gouf et, vläicht och an enger Kaul tëscht Wuerzelstrénk, op jiddwer Fall gouf et an där wäitleefeger Merde hei ee bestëmmte Metercarré, op deem un dësem Dezembermoien um bal hallwer aacht eng Rëtsch Bluttflecken de groelzege Schnéi dekoréiert hunn. Leider ze fréi: d’Auerzäit, bal de waarme Schockela, de Papp, grad esou just de Bus.

Hien hat Äschebecheren dobäi, eng ganz Këscht voll mat Äschebecheren, sot si du beim Mëttegiessen, an natierlech war déi Këscht net geséchert, wie séchert da schonns Äschebecheren, huet d’Mamm an d’Loft eragefrot, déi no ugebrannte Frelle gefacht huet, an hannert där Kéier mat der Scheier, do huet et du geknuppt. An de Rescht, sot si an huet eng butzeg Crevette mat der mëttelzeger vun de fënnef Forschettsspëtzten opgepickt, de Rescht kënnt Dir Iech jo denken. Sou huet si et ëmmer gemaach, haut ebe mat enger Crevette tëscht den Zänn, déi Paus do, wéi wann hir Sendezäit elo eriwwer wier. Wann et gutt gelaf ass, konnt och nach de Papp bei sou engem Mëttegiesse brilléieren. An d’Paus era sot hien op gudden Deeg, also de Papp huet seng Wierder ëmmer ganz lues gesot, hien war all Ament prett, se nees zréckzezéien, sou, wéi ee seng Hand virsiichteg op d’Kachplack leet, fir ze kucken, ob se nach waarm ass, a genee sou seet hien an d’Paus an an de Fëschgestank eran: Ass dat d’CR331 bei Nocher? Déi huet de Serge gemaach. Dat dommt Kallef.

Leschte Wanter sinn ech an dee Cactus Drink Shop gefuer. Deen Dag muss ech wierklech verzweiwelt gewiescht sinn, ech sinn eragaangen, hu mir zwee Cageote Rosport kaf, natierlech déi giel mat de grénge Fläschen dran, an du stoung ech an der Keess, viru mir een Idiot mat dräi Cageoten Orangina a véier Fläsche Spontin, an déi, also meng Rosport-Cageoten, hunn ech dunn am Auto op de Sëtz nieft mir gestallt. Fläsche kënnen net schwätzen, duecht ech, wann iergendeppes op där Plaz ass, da wäert de Papp net genee do, um Sëtz nieft mir, opdauche kënnen, da wäert hien net mat mir braddele kënnen. D’Warnsignal fir de Gurt, dat duerch d’Gewiicht vun de Cageoten ausgeléist gëtt, berouegt mech zënterhier immens zouverlässeg. Ech lauschtere just nach ganz seele Radio.

Vun hannen aus der Mall wéi ee Boomerang, dat sot d’Mamm nach nom Kaffi. Fir genee ze sinn, sot si net Boomerang, mee Bomerank, ma ech sot näischt a war just frou, datt et elo no Kaffi an net méi no wäissem Fësch gericht huet. Mee dunn sot si et nach e puer Mol: Wéi zwielef Bomeranke si se no vir geflunn. Flang an d’viischt Glace eran. An dräi vun de Bomeranken, dat sote si mir gëschter nach, dräi dovunner, ech héieren d’Mamm et Wuert fir Wuert soen, dräi Bomeranke sinn him ratsch géint de Kapp geflunn. Se hunn dem Männi d’Hirschuel gespléckt. An du sot ech et, an ech war schonns houfreg, ier ech et iwwerhaapt ausgeschwat hat, ech hu gewaart, bis d’Mamm d’Kaffistaass un hir Lëpsen ugesat hat, hunn déif Loft geholl a mat méiglechst klorer Stëmm gesot: Dat heescht Boomerang, net Bomerank. An iwwerhaapt: Du mengs wuel ee Frisbee. Boomerange kommen normalerweis zeréckgeflunn. Frisbeeë par konter net. An ech mengen net, datt d’Äschebecheren dem Männi nach eng zweete Kéier vu vir géint seng Gladder geflu sinn, oder? Hir Taass huet scho laang missen eidel sinn. Sou vill Kaffi geet guer net an déi butzeg Porzellantaass eran. Si sot näischt, ech och net, an no lénks, a Richtung vum Papp, musse mir net mol luussen. Da wackelt si mam Kapp, wéi eng Aristokratin aus iergendengem Joerhonnert, a schmonzt. Ech gesinn, wéi sech d’Lëpse lénks a riets vun der Taass no uewen zéien.

Iwwermuer wäert ech véierzéng Joer al ginn, an op ee Mol weess ech, datt dat heiten hiren Accord ass. Hiert Schmonzen an hir Aen, déi mech mol eng Kéier richteg erfaassen a gesinn, net wéi eng verblatzten Tapéit am Fong, mee wéi ee schmocken Tableau direkt virun hir, dat sinn ech elo, et ass hir Lizenz u mech, ëmmer méi al a méi erwuessen, ëmmer méi domm a méi traureg dierfen ze ginn, an ech wëll iergendwéi reagéieren, reiwe awer just meng Zéiwen géint dat zéit Lieder vun den Doc Martens. Dann ass et de Papp, dee vun der Säit an eisen Ament eragrätscht. Marlboro oder Maryland, freet hien. Mir probéieren eist privat Versteesdemech nach weider fir eis ze behalen, ma da freet de Papp nach eng Kéier: Marlboro oder Maryland, an no enger Paus: War et wéinstens ee Lëtzebuerger Äschebecher, deen Däi Männi erschlo huet? Wéinstens dat an dësen Zäiten.

„Bal“ ass déi éischt vun dräi Kandheetsskizzen; d’Erzielung gouf publizéiert an: Les cahiers luxembourgois

Samuel Hamen

kmmtr schreiben

Bitte beachten: Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.
Falls Du eine Website einträgst, wird diese mit deinem Namen verlinkt.