Kommentar

Mediebëtzeg 6/6: D’Kachen ass méi wéi just Konscht

von Samuel Hamen
März 19, 2018 / 0 Kommentare

An der Kolumne „Mediebëtzeg“ gëtt d’Medielandschaft zu Lëtzebuerg ënnert d’Lupp geholl. Soubal eng Persoun sech op der Tëlee weist oder sech online inszenéiert, ass si Deel vun dëser Landschaft. Si trëtt souzesoen op den Terrain vum mediale Spillfeld. A sou, wéi de Fussballspiller um Terrain op ee Mol véier Schiet huet, well e vun de Liichtmasten an all Eck vum Stadion ugestraalt gëtt, sou huet jiddwereen, deen an dëser duerchmedialiséierter Welt matspillt, een oder méi medial Schiet. Wéi eng Funktioune kann oder muss esou eng Persona als medialt Phänomen anhuelen? Och dës Kéier bleiwe mir bei bekannte Gesiichter: Goufen an de leschte Méint d’Astrid Lulling
an de Fausti kommentéiert, sou sinn dës Kéier eis TV-Käch un der Rei: d’Léa Linster an d’Anne Faber.

Wie vu Saarbrécken aus an d’Stad fiert, ka si net verfeelen. Et ass onméiglech, si net ze gesinn. De Kapp vun der Léa Linster ass sou grouss wéi d’Mall vum Land Rover, deen nieft hirem iwwerdimensionéierte Pouster um Parking vum Restaurant zu Fréiseng steet. All Dag gesinn dëse Kapp dausende vu Frontalieren. Wat denke si wuel? Kréie si Honger? Gi si Gas? Op jiddwer Fall ass dëse Pouster an Zäite vun „Nation Branding“ eng effizient Reklamm. Ech wéisst keng Plaz am Land, op där een eis tatsächlech Representanten, also de Grand-Duc oder de Premier, ähnlech riseg, jo, monstréis begéinen a bekucke kann. Um nämmlechten Niveau wéi de Jean Asselborn oder de JCJ ass d’Léa Linster zu enger Botschafterin vun eisem Land ginn. Wéi konnt et dozou kommen? Et muss ee sech dëse Saz méiglechst niichter an ouni Selbstverständlechkeet opsoen: Eng Persoun, déi op der Tëlee iwwert den „Dickungsgrad von Grünpfeffersaucen“ an der „aufregenden Kombination von Ananas mit Heringsflossen“ schwätzt, huet am däitschsproochegen Ausland ee representativen Impakt op d’Manéier, wéi Lëtzebuerg
gesi gëtt.

Dobäi ass dat ganzt Gekachs op der Tëlee dach freeschlech latzeg. Stellt Iech vir, een oninspiréierte Garagiste géif eng Kamera unafen a Sätz soe wéi: „Und jetzt ziehen wir die Achteckschraube am Katalysator fest. Mhmmm, wie schön. Schön fest sitzt die Schraube jetzt.“ Mir géife fräiwëlleg Chamber TV kucken. Mir sinn hautdesdaags esou un d’Geckegkeet gewinnt, datt mir se guer net méi spiere respektiv hannerfroen. Dat ass net schlëmm oder schlecht, just skurril. Egal ob d’Léa Linster mam Markus Lanz schwätzt, beim Barbara Schöneberger an der Talkshow sëtzt oder vum Denis Scheck an hirer blénkeger Kicher interviewt gëtt – si steet fir eppes. Fir eng professionell Carrière, fir konstant Qualitéit op Stärenniveau an – an dat ass bei wäitem am wichtegsten – fir eng gelonge Fraebiographie. Bei den däitschen Nopere kënnt nach eng ganz liicht Form vun Exotismus dobäi. Nom Motto: Kuckt emol, wat fir Gestalten de Mini-Noper nieft eis ervirbrénge kann. (Mir musse just un dem Asselborn säi fulminanten Optrëtt bei „Lafer! Lichter! Lecker!“ denken.)

De Succès vun TV-Käch huet doriwwereraus een historesche Grond: Wien hat net eng Groussi oder Bomi, eng Ditti oder Tatta, déi all Samschden de wonnerbarste Kascht gezaubert huet? Déi Plate kache konnt, där hir Nimm mir bal schonns vergiess haten, sou almoudesch hu se an eise Fastfood-Ouere geklongen? An all Famill gouf et eng eeler Fra, déi numol ouni Diskussioun déi beschte Kächin vun der Welt war. An hautdesdaags? Do ginn eis Bomien an Tattaen an d’Altersheem gepucht, ier se d’Wuert „Rollator“ soe kënnen. D’Plaz an der Kiche bleift eidel; de Mo an d’Häerz grommelen. Et feelt eppes. Genee dëse Besoin bedéngen d’Léa Linster a Konsorten. Och wann alles ronderëm d’Kache wéi sou vill aner Liewensberäicher an de leschte Joer duerchökonomiséiert gouf, sou huet de Succès nieft dem kapitalistesche Fundament och dësen zweete sozialhistoresche Grond.

D’RTL-Kächin Anne Faber ass heifir ee weidert Beispill. Fir déi 3. Staffel vun der RTL-Sendung „Anne’s Kitchen“ tuckert si mat engem ale Mini uechter d’Land, kacht ënnert fräiem Himmel mat Guiden a Scouten a schmonzt dobäi an d’Kamera, wéi wa si grad eréischt ee Space-Macaron giess hätt. Dat ass éischtens immens brav a sympathesch an zweetens ee gutt Beispill, fir ze weisen, wé kompatibel a flexibel sech Kachen als mediaalt Phänomen asetze léisst. Vläicht geet et bei „Anne’s Kitchen“ souguer nëmme sekundär ëm d’Kachen. Dat mierkt een dorunner, datt net wéineg Sendungszäit dofir genotzt gëtt, ze weisen, wéi d‘Protagonistin duerch déi Lëtzebuerger Landschaft fiert, op der Sprangprozessioun rondrëmhopst an eréischt duerno „e patriotesche Vacherin“ (sic!) kacht. Primär geet et dorëms, eng verdaubar Dosis Lëtzebuerg mat engem Schoss kulinaresch-kosmopolitescher Oppenheet ze konsuméieren. Ongeféier sou, wéi an der 3. Episod vun der 3. Staffel „Rieslings-Pastéitche mat engem indeschen Twist“ preparéiert ginn. D’Nofro no enger lizenzéierter Form Nationalhoufert ass an dësen Zäiten ongebrach, an de Lëtzebuerger Kascht ass dofir ee predestinéierte symboleschen Objet. (Eng Folleg beschäftegt sech iwwregens och mat portugiseschem Iessen.)

Sou oder sou: TV-Käch wéi d’Léa Linster oder d’Anne Faber iwwerhuelen an eiser medialer Groussfamill verschidde Rollen. Grad dowéinst hu si hir fest a legitim Plaz op eisen Ecranen. Op kee Fall sollt ee si op de Status „dat Framënsch, dat just kacht“ reduzéieren. Domadder blaméiert ee sech just selwer – an et ënnerschätzt een, datt dat ganzt Gekachs méi Funktiounen huet wéi just eisen Honger ze stëllen.

Samuel Hamen

zuerst erschienen in der Kulturbeilage des Luxemburger Tageblatt:

 

 

 

 

Déi ganz Mediebëtzeg-Rei: 1/6 (D’Astrid Lulling oder D’Erklärgroussi vu Lëtzebuerg), 2/6 (De Fausti oder Mat der Pioche géint de Klischee), 3/6 (Automolibisten opgepasst!), 4/6 (Lëtzebuerg Privat oder Ee Marktschreier am Cactus), 5/6 (Stressfräi mam Télécran).

kmmtr schreiben

Bitte beachten: Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.
Falls Du eine Website einträgst, wird diese mit deinem Namen verlinkt.