literarisches

Elo

von Samuel Hamen
April 19, 2018 / 0 Kommentare

Mäi Spëtzer stoung ëmmer op Kanada, säin op Russland, well hie war jo Riets- an ech just Lénkshänner. Mir wollten eis net an d’Queesch kommen an an all deene leschte Méint si mir och net uneneegeroden, wéinstens net richteg, nee, richteg uerg war et ni mat eis zwee. Op Lëtzebuerg konnte mir ni eppes setzen, um Set fir d’Bänk war d’Land esou kleng, datt net mol de Gummi dohigepasst hätt, mat vill Gléck vläicht d’ofgebrache Spëtzt vun engem Bläistëft, vun engem giel-schwaarze Bläistëft natierlech, sou een, deen d’Mamm mir ëmmer kaf huet, well ech, dat huet si mir an der Papeterie zougepëspert, domadder zoustieche misst, wéi et eng Bei mat hirem Stachel maache géif. Wéi gesot, d’Mamm war Untersuchungsriichterin, hir Wierder hu misse wéidinn a piken a wéi eng Strof kléngen, an aus hirem Mond huet dann och ee Saz wéi „Du muss Dech nach ëm d’Mierschwéngercher këmmeren“ wéi een Uerteel geklong, gerecht a geschwat am Numm vun Him do uewen, dem Jean oder dem Herrgott, egal, doriwwer musse mir elo net schwätzen. Mee wat ass mat menge Säz, mat menge Wierder? Hunn déi och ze piken? Ech hu bis haut Angscht viru Beien, an d’Füllfieder läit grad onsécher a menger ziddreger Hand. Grad elo fäerten ech souwisou, mech op den nächste Säiten dacks widderhuelen ze mussen. Jiddweree vun eis hat numol eng Kandheet, eng Schoulcarrière an dee ganze Bataklang, et wäert net einfach ginn, dogéint unzekommen.

Dofir wëll ech och net vu mir, mee vun eis zwee verzielen. Säin Numm ass egal, denkt un Är Klass am Primaire, un de Bouf an der drëtter Rei, lénks bei der Mauer, dee mat de Kleeder, déi ni ganz propper waren, huelt einfach säin Numm, a fir déi Leit, déi d’Gléck hunn, sech net méi erënneren ze kënnen: Hien heescht Pol. De Pol hat, dat war an ass nach ëmmer mäin Androck, keng vollstänneg Kandheet. Hien huet ëmmer just nogekuckt, wéi déi aner Kanner hir Kandheeten duerchlieft hunn. Hie stoung nieft eis, nieft der Zäit, ee Männi, dee bei der Ausfahrt vun der Tankstell waart an ni gesot krut, datt een den Domm hiewe muss, fir matgeholl ze ginn. Egal wat, et war egal, wat mir gespillt hunn, ob Fänkches oder Stoppches oder Futtball, hie stoung ëmmer hanne lénks am Schoulhaff, bei där enger knéihéijer Mauer, an an deem Fréisummer huet de Col vu senger Jackett vu Fett an Dreck an der Sonn geglënnert. Ech hunn hien dacks gefrot, ob hie matspille wéilt, hunn déi aner zeréckgeholl, wa si hien ausgelaacht hunn, ma hien huet ni matgespillt, a richteg traureg war hien doriwwer och net. Hien huet eis ëmmer just nogekuckt, wéi een d’Météo op der Tëlee verfollegt, dann, wa verzielt gëtt, wéi d’Wieder zu Barcelona oder op der Zugspitze ass: faszinéiert vläicht, ma mam Wëssen, datt et keng Bedäitung wäert hu fir d’butzegt Liewen an engem Land ouni Bierger oder Mier.

Also, et fänkt esou un: Ech loung am Bett, deemools, ech war néng Joer al an hunn un de Pol geduecht, an natierlech war ech krank. Näischt Schappeges, keng einfach Gripp, nee, et huet eng Angine misse sinn, eppes wat eis spiere léisst, datt et eis am Hei an Elo gëtt, also iergendeng dichteg Krankheet, déi ee fuebelen deet, déi de Kierper gliddeg gi léisst vu bannen, wéi wann anzwousch een Héichuewen ugefacht gi wier, ënnert de Longen oder hannen am Genéck, dat duecht ech dacks als Kand, ech war jo och dacks krank oder hu mech dacks krankgestallt. An dat mécht wierklech jiddwereen, och als Kand: d’Ligen auszeprobéieren, sou laang, bis ee se net méi spiert, bis een net méi mierkt, datt ee se an den Aen huet, d’Kontaktlënsen, déi een owes vergësst, a moies och net méi eraushëllt, sou séier kann et goen. Bon, viru puer Stonnen hat ech der Mamm gesot, datt ech net an d’Schoul goe kéint. Ech fille mech net gutt, sot ech, an obwuel et mol eng Kéier d’Wouerecht war, hunn ech mech gefillt wéi ee Ligner. Dofir hunn ech nach mat méiglechst heeser Stëmm hannendru gesot: Ech hu bestëmmt Féiwer. A flang stellt sech jiddweree vun iech Rëndvéier vir, wat elo ze geschéien huet, wéi ee Familljegesetz, dat duerch all Zäiten an Zitater erduerch gëlteg ass, mussen d’Mamme sech elo weltwäit iwwert een näipen an engem duuss mat der Hand iwwert d’Stir heemelen. Mee, piano, net sou séier! Hei gëtt et aner Regelen. Wat hutt Dir Iech och virgestallt? Probéiert eng Kéier, Iech déi Zeen anescht virzestellen, ouni zäertlech Noutwennegkeet, keng Stir, déi geheemelt gëtt, kee Bouf, dee sech opgehuewe fillt. Voilà, da wësst Dir, wéi meng Kandheet war.

Dëslescht war ech zu Singapur. Et war grad d’Zäit, wéi d’Formel-1-Course an d’Vugelgripp duerch d’Stad gezu sinn, an do war et och esou. Um Flughafe huet een uniforméierten Tipp mat enger Otemmask sou ee Lasergeschir op mech geriicht, fir meng Kierpertemperatur ze moossen, a genee sou wéi ech mech um Gate C22 zu Singapur gefillt hunn, sou hunn ech mech och deemools gefillt, ëmwéckelt mat mengem Tintin-Bettgezei, dat war mir zu Singapur an och am Bett net kloer, mee elo sinn ech mir sécher. Et war kee Bléck, et war ee Scan, kal an effizient, d’Mamm hat numol keng Zäit fir Gesten, just fir Entscheedungen. Acceptéiert, sot si, ma hire Bléck war scho beim nächste Problem, hire Fissi, egal ob krank oder gesond, war schonns eng Niewesaach, et gouf Problemer, richteg Problemer, déi op si duerkomme géifen, a wien, wann net ech, muss et wëssen: Et kann ee sech net fréi genuch preparéieren, gedu, an zwar op alles, op de Koup Hondsschäiss um Wee fir op d’Schaff oder op déi lescht gutt Parkplaz virum Cactus, direkt nieft de Caddien a ganz no bei der Entrée.

Gutt, ech hu mech elo selwer an d’Bett bruecht a loosse mech iwwert de Pol a mech nodenken, hie steet nach ëmmer hanne lénks am Schoulhaff, ech hunn hien do stoe gelooss, an natierlech huet de Pol näischt gesot, well de Pol numol ni vill geschwat huet, bal ni iergendeppes oder éischter bal ëmmer näischt. Sou huet et sech nämlech ugefillt: Hie war ëmmer do, um Bord, hannen am Eck oder Fong, ëmmer présent, als ee Näischtnotz souzesoen, ee Kierper an engem Raum, dee just eng klinzeg Plaz an eng Grëtz Loft fir sech afuerdert, an alleng dowéinst huet de Pol sech bestëmmt scho schëlleg gefillt. Ma hien hat eng aner Method, fir sech bemierkbar ze maachen, a ganz éierlech: Dat war, dovunner sinn ech elo iwwerzeecht, seng verzweiwelt Manéier, fir iwwerhaapt op der Welt ze sinn, fir eng Spuer ze hannerloossen, och wa se aus Rotz oder Blutt oder – wéi elo an dësem Fall – aus Katz war. Jo, de Pol huet immens dacks gespaut, op ganz verschidde Manéieren hunn ech hie vun der éischter Klass bis an dee Summer era Flëssegkeeten ofloosse gesinn. Et huet ëmmer mat engem „Elo“ ugefaang, hien huet d’Wuert mol gepëspert, mol normal ausgeschwat, wéi ee „Moien“ oder „Tirang“ seet, heiansdo awer och erausgeblärt, wéi wann d’Wuert him als Glous an der Strass stieche géif. No där Paus vun do uewe souze mir nees niefteneen an der Klass, duecht ech deemools am Bett, alles war an der Rei, d’Spëtzere positionéiert, mäin Himmelsdéierchen op der Magnéittafel op Plaz zwee, säint op Plaz siwen, an du stéisst hie mech an d´Rëpper a pëspert: „Elo!“ An eng Sekonn duerno geet ee Coup duerch säi Kierper, wéi eng Laola, vum Mo aus no uewen, iwwert d’Broscht erop an d’Genéck, dat kuerz no hanne schléit, ier de Kapp no vir kippt an aus dem Mond ee kompakte Stouss Katz erausschéisst, ongeféier sou vill, wéi ee sech Gebeess op d’Kuuscht schmiert, ouni datt d’Mamm jäizt. Et war keng Sauerei, et war och direkt nees eriwwer, just deen ee Koup, giel wéi Moschtert mat puer bronge Flecken dran, net méi, a vläicht hätt d’Klass et dës Kéier gepackt, einfach weiderzemaachen, wann ech net iergendwann ugefaang hätt, immens haart ze kickelen.

Am Atlantik, eng gutt zweehonnert Kilometer östlech vu Kuba, hat sech een neie Kontinent erhuewen, eng schéin definiéiert Mass aus hallefverdaute Bananen a Moschläim, bal sou grouss wéi d’U.S.A. a mat enger laanggezuchener Bucht am Westen. En neie Kotzinent war gebuer, an den nächsten Deeg gouf et masseg Spréch, jo, déi ganz Klass war houfreg op de Pol, op seng Kréatioun, op déi fënnef Sekonne Stëllt an der Klass, an där och eis Joffer kee Wuert iwwert hir schmuel ausgedréchent Lëpse bruecht huet, a souguer den Neien aus Jugoslawien oder Serbien oder där Géigend do huet matgemaach a proposéiert, d’Insel Kotzovo ze nennen, wat d’Joffer guer net witzeg fonnt huet. Jo, alt nees eng Kéier hat déi al Granzkett mat hire spatzen Oueren alles matkritt. Wann Dir schonns ee kannerege Numm braucht, sot si, dann eppes Harmloses, nennt d’Inselchen dach Katziland. Dat huet si proposéiert, éierlech, déi bornéiert Quetsch, et war eng tippesch eefälleg Propos vun enger topeger lëtzebuergescher Joffer, dat denken ech elo, vun engem Mënsch, dee sech kammout ageriicht huet tëscht Passé Composé, Stréchlëschten an ze vill Fric fir een ze klenge Kapp, a gären hätt ech deemools, mat mengen néng Joer, schonns esou kloer an däitlech denke kënne wéi elo, fir datt ech mech mat Wierder ze wiere gewosst hätt géint dee ganze penetranten eefällegen Zodi, deem mir vun Ufank un ausgesat sinn. A verhalt Iech dat, dat ass eng wichteg Léier, an net just fir hei, Kanner, mir mussen harmlos bleiwen, ëmmer, fir eis ënnerteneen hëllefen ze kënnen, vergiesst dat net, dat sot si deemools nach an huet mat hirem gepudderte Kapp gewackelt. Si huet Joffer Majerus geheescht a lieft, mengen ech, nach ëmmer. (No vill Gedeesems konnte mir eis an der nächster Paus iwwregens op Las Katzas eenegen.)

Ech widderhuele mech just nach, an dat huet hei wierklech kee verdéngt. Mee wat numol wichteg ass: Vun deem Dag u gouf et dat Land, vun där Stonn u gouf et Las Katzas, de Numm huet sech an eis Käpp erageschlach a festgesat, et war schonns no der drëtter Paus eng Erënnerung, wéi wa mir all mat enger Croisière dohigetuckert gewiescht wieren, all eis Buergen an Dschungelen a Vulkaner ware vun deem Ament un op Las Katzas – an ni méi anzwousch anescht, an e puer Woche méi spéit huet d’Summervakanz ugefaang. Et war ee 17. Juli, dat weess ech nach ganz genee, well den Owend virdrun hat ech de Papp fir d’éischte Kéier a ville Méint laachen héieren. Den décke Kuborn hat sech bei der Météo op der Tëlee verschwat an amplaz vu „Wolleken“ „Kolliken“ gesot. Dagdrops hunn ech dat dem Pol verzielt, am fréien Nomëtten, hien huet mir nogelauschtert, wéi een der Caissière nolauschtert, déi engem seet, wéi vill een ze bezuelen huet. Ma et war den Ufank vun eppes, dat weess ech elo. Dësen éischten Dag vun eisem laange Summer hu mir domadder verbruecht, an d’Blo eropzestuerksen, hannert dem Fussballsterrain lounge mir an enger wëller Wiss, duecht ech am Bett, an ech hu mech dunn extra nees op de Réck geluecht, denken ech elo, et sollt jo alles méiglechst realistesch sinn, a während Stonnen hu mir den Himmel ofgescannt an iwwerluecht, wéi dat auszegesinn huet: eng Kollik, déi duerch den Himmel zitt. Natierlech hu mir keng Äntwert fonnt, net mol eng domm oder kannereg, näischt, an dat war an ass dach ëmmer den Ufank vun allem. Nujee, vläicht ass dat souguer dat beschte Bild fir déi zwee Méint: mat no hanne gebéitem Genéck duerch d’Landschaft getrollt, ouni sech ëm iergendeppes ze këmmeren, duerch d’Bëscher, laanscht de Camping mat den dommen Hollänner an hire saudommen Hënn, ëmmer weider, ëmmer a Richtung vun deem enge verloossene Schapp, eist Quartéier, eng hëlze Kabäischen, an een Hiwwel eragebaut, do hannen, hannert dem Bamerdall, a wéi eng Auer, déi all Véierelstonn piipst, hunn ech de Pol regelméisseg héieren, wéi hien de Rotz eropgezunn huet, fir en am héiche Bou bis bal op d’Mëtt vun der Strooss oder an d’Kroun vun engem Bam ze späitzen.

(Dat heiten elo a Klammeren, well et net sou wichteg ass a well ech deemools scho gesouert hunn, datt ech keng Loscht op Lanzarote hätt: datt et do ze waarm wier, datt ech mam Pol spille wéilt an datt ech do och guer kee kenne géif. Mee de Papp sot just: Jéngelchen, genee dowéinst gi mir dohinner, a Mëtt August gouf ech an de Fliger gestach, fir eng Woch op där Insel rondrëmzesëtzen. Alles war wéi ëmmer, üblech an onnëtz, ech wëll elo och guer net doriwwer schwätzen. An dat schäisst Flydoscope-Magazin hunn ech op där Säit, op där d’Erdkugel gewise gëtt, Las Katzas agedroen, dat war witzeg, bei allen Exemplairen, et waren der dräi um Hifluch an dräi um Réckfluch, an ech hu mir virgestallt, mir géifen elo dohinner fléien, als éischt Mënschen iwwerhaapt, meng ganz Klass wier dobäi a jiddweree wier frou op där Insel, souguer dee luschen Tipp aus Serbien oder Montenegro, deen ni eppes gesot a vill ze gutt Futtball gespillt huet. No puer Deeg hätte mir vergiess, datt Las Katzas eigentlech aus Katz war, an hätten Héichhäiser, eng Métro a  lauter gemittlech Bungalowe gebaut, déi alleguerten anescht gewiescht wieren, besser a friddlech an ouni béis Gedanken. Zu Lanzarote war ech dunn zéng Deeg, an dacks hunn ech un de Pol missen denken, dee bestëmmt grad wéi ee Geescht doheem ronderëmstoung, gegierkst, gekatzt a geblutt huet, fir net vollstänneg ze verschwannen, spuerlos, ouni ee Réckstand oder Zeechen ze hannerloossen. (Zënterhier ass et meng Aufgab, dat ze verhënneren.)

Mee iergendwa war du schonns de leschten Dag vun der Vakanz, Mëtt September war et, et war een Dënschden, mëttwochs sollt d’Schoul nees ufänken, a mir wollten eng leschte Kéier an de Schapp, also ech schwätzen elo vum Pol a vu mir. Mir haten ugefaang, eng Landkaart vun eiser Insel ze zeechnen, no der Manéier vun där Kaart an Der Herr der Ringe, mat Bierger an enger geféierlecher Bucht mat pikege Fielsen. Natierlech. Natierlech hat ech der Mamm verzielt, wou ech wier, dat hunn ech ëmmer sou gemaach. Zënter siwen Deeg hat ech keng eenzeg Wollek méi gesinn, an ech sinn iwwerzeegt, datt dat eppes domadder ze dinn hat, datt et een Zeeche war, dat ech deemools nach net liese konnt. Oder nee, et war éischter d’Ausbleiwe vun engem Zeechen, dat war de Problem, dat ass ni gutt, et muss een dach heiansdo mat sengen Aen hänke bleiwen. Ech hu wierklech dacks den Himmel ofgesicht, fir endlech iergendeppes an de Wolleken ze erkennen, ech hat Angscht, blann ze ginn, sou dacks stounge mir schwaarz wibbeleg Flecken an den Aen, well ech ze no un d’Sonn koum. An iergendwann hunn ech mech gefillt wéi am Prison, wéi den Tim Robbins, liesen ech elo, ech hat säin Numm vergiess, dee Film hunn ech deemools jiddwerfalls gesi gehat, genee wéi hien hunn ech owes heemlech Strécher nieft mäi Bett an d’Tapéit geritzt, ee Stréch fir all Dag ouni Wollek. Wann d’Fligeren hir Sträifen net heiansdo an d’Blo eragezunn hätten, wier ech, dovunner sinn ech haut iwwerzeegt, un deem Himmel erstéckt. Nujee, wéi gesot: De Pol an ech sinn deen Dënschden duerch de Bësch an iwwert d’Kopp direkt hannert der Sportshal gaang, a Richtung vum Schapp, ech hat souguer vum Papp sengem Schreifdësch déi gutt Tuschbicer geschuppt a se mir wéi Zigaretten hannert meng Ouere gestach. D’Blieder un de Beem hunn am liichte Wand geglënnert a gewibbelt. Nach haut spieren ech heiansdo dat Gefisems vun deem Dag op mengen Aen, dee Schnéi aus Sonn a Beweegung.

Lénks un der Mauer stoung ee Regal voller Bicher, a mir fält elo nees an, datt Der Herr der Ringe net do stoung, ech weess guer net méi, wéi mir deemools op dat Buch komm sinn, dat war jo virun de Kinosfilmer. Et ware breet Bicher, Zillen aus Pabeier, wahrscheinlech goufe se ni gelies, bestëmmt pechen d’Säiten haut nach un de Ränner uneneen. Also et war d’Zëmmer vu mengen Elteren, wuelverstan, ech hat mech um kuerz no eelef erageschlach, no der Lige mam Féiwer, well et bei hinne méi hell a gemittlech war. De ganze Mëtten an Nomëtten iwwer loung ech am Bett, schléifreg a schëlleg, an hunn op d’Récker vun dëse Bicher gestuerkt, vum Bett aus, dagdrops, ze schwaach, fir opzestoen, ze onroueg, fir ze schlofen. Ee besonnescht déckt donkelgréngt Buch huet „In Kanadas Wildnis“ geheescht, een anert, méi schmuel an héich, „Gegen die Welt“, an um Rand stoung eent mat engem orange Cover, den Titel war „Texas“. Stonnelaang hunn ech einfach just op déi Titele gekuckt, ouni mech ze beweegen, heiansdo sinn ech eriwwer an de Schlof geglëtscht, da gouf ech nees wakreg vu lauter Schweess an Hellegkeet, an an deene Stonnen hunn ech mir iwwerluecht, wat an dëse Bicher wuel verzielt géif ginn. Ob dat eent eng Westerngeschicht an de Südstaaten wier, mat enger Ranch, Indianeren a Prärien, mat Cowboys, déi iwwert eng Gewan reiden an déi ganzen Zäit op de stëbsege Buedem rotze géifen. Ob an deem aneren eng Abenteuergeschicht an de Rocky Mountains verzielt géif ginn, mat engem Dännebësch, deen ee géie Bierg eropwuesse géif, engem äiskale Floss nobäi an enger Blockhütt, déi d’Helden no dräi Deeg an der Natur endlech fanne géifen, u sou Zeenen hunn ech geduecht, esou Geschichten héieren d’Leit dach gären. Hir Féiss si wonn, hiren Otem geet séier, an da si se endlech am Schapp. Et ass donkel bannendran, vu baussen zitt kee Geräisch eran, déi zwee Helde musse guer net matenee schwätzen, si kenne sech gutt genuch. Si héiere sech otmen an d’Holz gaapsen, an da klamme si op den éischte Stack erop, iwwert eng hëlze Leeder, déi sech geféierlech diebelt ënnert hirem Gewiicht, mee et geschitt näischt. Uewe läit Stréi, net vill, mee genuch fir eng Rascht, et soll gemittlech sinn, dagdrops soll et jo lass goen. Deen een Held triwwelt op ee Mol iergendepppes am Eck, et weess een net direkt firwat, an deen anere freet nach, wat hien do fréckelt, virwëtzeg am Ufank, ma de Pol, dat ass allgemeng bekannt, schwätzt net dacks an net vill, wéi ëmmer krut a kréien ech keng Äntwert. An dunn d’Beien, déi einfach sou do sinn, am Ufank kucke mir nach op déi dreckeg Maueren an op de Plafong voller Spawecken, vläicht gëtt et eng Spléck am Holz, aus där eraus se op eis duergeschoss kommen, ma wouhier hätt ech dat wësse sollen, wouhier genee déi Minibéischter kommen, Papp, dat häss Du och net gewosst, a schonns Sekonnen duerno ass dat egal, d’Opmierksamkeet ass elo op den eegene Kierper geriicht, op d’Gezei, op deem se landen, op d’Hoer, un deene se hänken, op de Mond, an dee se sech erawullen, iwwerall dat Gedéiesch an, wéi gesot, et ass eng kleng an däischter Hütt, an iwwerall si meng Hänn, mat deenen ech duerch d’Loft fachen, an nieft mir de Pol an all déi Geräischer, am Ouer an am Kapp, dat Summen. Hie probéiert, ënnert d’Stréi ze krauchen, et ass wéi ee Schluet aus Beien, et huet einfach net opgehalen, et koumen der ëmmer méi, an ech konnt dach net all Bei eenzel erschloen mat menge klengen ziddregen Hänn, dat kann dach kee verlaangen, an du war ech dobaussen, iergendswéi, a si gerannt, meng Been hu mir net méi selwer gehéiert, gleef mir dat dach.

Ech hu mat bal drësseg Joer 167 Liewerflecken, ech hu se grad eng Kéier alleguerte gezielt, dat ass méi wéi den Duerchschnëtt, dat huet mir mäin Hautdokter gesot, awer net ongewéinlech vill. Déi allgemeng Limit fir opfälleg vill Liewerflecken läit fir een Erwuessene bei 250 Stéck, sot hie mir, a Sommersproosse gehéieren natierlech net dozou. Mat néng Joer hat ech just 141 Liewerflecken, ech war kuerz enttäuscht, net iwwert 150 komm ze sinn. Wann ee richteg mam Spigel ëmzegoe weess, kann een numol alles gesinn, dat hunn ech deen Dag selwer erausfonnt, owes dunn, am Buedzëmmer. Et waren 33 Beiestéch, zwee op der Kapphaut, een hannert dem lénksen Ouer, dräi um Hals, dräizéng op den Ärem, dovunner néng um rietsen a just véier um lénksen Arem, véier um Bauch an zéng op de Been, schéi symmetresch opgedeelt, fënnef um rietsen a fënnef um lénksen. D’Mamm stoung nieft mir, mat hirem Maschinnebléck, an huet op all Flaatsch eng duerchsiichteg Crème geschmiert. De Pol hat keen eenzege Liewerfleck, do sinn ech mir sécher, ouni et kënnen ze sinn. Hie war bleech an dobäi, ze verblatzen, a souwisou hätte Liewerflecken him guer net méi kënnen hëllefen. Wéi vill Stéch et der bei him waren, konnt kee mir soen. (Ech hunn och kee gefrot.)

D’Klacke klénge wéi ee Chouer aus Trouscht an Éiwegkeet, besonnesch bei groussem Misär, dat sot si ëmmer, a mol eng Kéier muss ech menger Bom Recht ginn, et war Chrëschtdag, also virun deem Summer, gedu, net duerno, an ech war mam Pol an der Familljemass. Ënnerwee hate mir nach de Geck gemaach, wat dann haut dru wier, ob hien der Bom viru sech op de Mantel mam Fuussefell katze géif. Oder ob säi Spaut an den Afferstack drëpse géif. Den Dechen huet grad eng vu senge sëlleche Geschichte verzielt, eppes mat engem Iesel, wéi de Pol mir een „Elo“ zougepëspert huet, lues, de Scoutsmoniteur sollt jo näischt matkréien, a pünktlech, wéi op Kommando, ass zwou Sekonnen duerno eng Pärel Blutt vu senger Nuesspëtzt erofgefall, hie krut se nach opgefaang, déi nächst och nach, ech zielen elo mat, véier, fënnef, sechs, an et war déi siwent Drëps, déi op de Buedem gefall ass, ma och duerno huet et net opgehal, hien huet et sech un den Hänn an der Jackett ofgewëscht, d’Hänn dunn iwwert d’Box gezunn, déi zwee Nuesschnappercher ware keng Hëllef, an ech stoung donieft, incapabel wéi ëmmer, hu gestuerkt a gestuerkt, op seng beige-gréng Jackett mat den donkelroude Flecken, op säi Mond, geschminkt wéi dee vun engem béise Clown. Kuerz, fir een Ament, hunn ech déi Iddi mat den Hostien an dem Kräiz an dem Leed iergendswou a mir dra gespuert, dee ganze Kierchenziipsi, tëscht dem Mo an de Longen, während ee Pull aus Blutt sech um kale groe Steebuedem ugesammelt huet, fir eng Sekonn hunn ech verstan, ëm wat et deene Leit hei geet, also wann de Fliger an ee schrot Loftlach fällt, da gëtt et jo déi eng Sekonn, an där ee mengt, datt elo d’Schwéierloosegkeet asetze wäert, de Kierper ass ganz kuerz ganz liicht, ier en zeréck op de Sëtz gedréckt gëtt, genee sou liicht hunn ech mech gefillt, wéi ech de Pol bluttverschmiirt nieft mir gesinn hunn. Puer Minutten duerno huet ee vun de Moniteuren de Pol dunn aus der Rei gezunn an ass mat him verschwonn, an zënterhier hunn ech de Pol ni méi erëmgesinn, also no de Beien. Ech ginn och net méi an d’Kierch, ausser eben déi eng Kéier nach, mee dat war néideg an net ze verhënneren, och wann dee ganzen Summer mat sengem Zauber dunn definitiv eriwwer war.

Vläicht muss ee sech dat esou virstellen: den Himmel eng stramm opgezunne Klarsichtfolie, glat a blénkeg, a mir leien drënner a lafe rondrëm, propper agespaart an eist Dëppche voller Welt a Wënsch, an d’Kollik wier d’Fal, déi sech op ee Coup opdeet iwwert eise Käpp, se wier de Rass, duerch deen, wéi ee Krämpchen, d’Péng vun do uewen op eis niddergeet. Bon, et wier den Ament, hell a kuerz wéi ee Blëtz, wann ee Krack eis Aen anzweespléckt an eis wëssen deet, datt näischt fir ëmmer ass. Ee bessert Bild ass mir op jiddwer Fall an all deene Joren net agefall, net als Dapp vun néng Joer, deen déi Wochen duerno am Bett verbruecht huet, an och elo net, als Dëlpes vu bal drësseg Joer. Just bei enger Saach sinn ech mir sécher, haut nach méi wéi deemools: All Misär fängt mat de Wierder un, an dësem Fall mam houere Kuborn, dat ass evident, doriwwer muss net gestridde ginn. Firwat huet deen alen Hexemeeschter sech och misse verschwätzen? Firwat Kollik amplaz vu Wollek? Domadder, a mam kourommeldomme Laache vum Papp, mat deenen zwou Saachen huet de ganze Misär ugefaang.

„Elo“ ass déi zweet vun dräi Kandheetsskizzen. Se gouf publizéiert an: Les cahiers luxembourgois. Déi éischt Erzielung aus der Trilogie, „Bal“, kaan een hei noliesen.

Samuel Hamen

kmmtr schreiben

Bitte beachten: Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.
Falls Du eine Website einträgst, wird diese mit deinem Namen verlinkt.