Gespräch, Kommentar

Auteur, Auteure oder Autrice? Een Dossier iwwert Fraeliteratur an iwwer (literareschen) Feminismus

von Samuel Hamen
Mai 24, 2018 / 1 Kommentar

Um Begrëff „Fraeliteratur“ pechen och haut nach verschidde Klischeeën: Déi eng denken u kitscheg Groscheromaner, déi aner un harmlos Blummegedichter. Ma wat mengt dee Begrëff iwwerhaapt? Ass et Literatur vu Fraen? Oder Literatur iwwert Fraen? A gi mir net vill ze séier eise Virurdeeler no, wa mir ee Buch duerno bewäerten, ob et vun enger Fra oder engem Mann geschriwwe gouf? A wéi kann eng feministesch Approche an der Literatur ausgesinn?

Eng ganz Rëtsch Froen, op déi dësen Dossier Äntwerte proposéiert. D’Literaturwëssenschaftlerin Germaine Goetzinger, déi vun 1995 bis 2012 dem Centre national de littérature (CNL) virstoung, verzielt am Gespréich ënnert anerem, wéi si Fraeliteratur als ee wëssenschaftleche Sujet fir sech entdeckt huet. Iwwert déi aktuell Situatioun am Literaturbetriib an iwwert de Notzen an d’Noutwennegkeet vun engem feministeschen Engagement hu sech weider véier Auterë Gedanke gemaach.

Samuel Hamen: Wéi eng Lecturen hunn Iech nohalteg faszinéiert an Iech dozou bruecht, Iech mam literaturwëssenschaftleche Sujet Fraeliteratur ze beschäftegen?

Germaine Goetzinger: Ech hunn d’Fra an der Literatur fir d’éischt bei männlechen Auteuren entdeckt, z. B. an de Gesellschaftromaner vum Theodor Fontane. D’Effi Briest, d’Mathilde Möhring, d‘Jenny Treibel ware fir mech wichteg Referenzgréissten. An de 1970er Joren sinn ech op d’Texter vun de Vormärzlerinne Louise Aston, Louise Dittmar oder Mathilda Franziska Anneke gestouss. Ech hunn iwwer d’Louise Aston, déi 1846 d’Buch Meine Emancipation, Verweisung und Rechtfertigung publizéiert huet, recherchéiert an 1983 am Fischer-Verlag e Buch iwwer si erausginn. Deemools war se nach wéineg bekannt, haut huet se hir fest Plaz an der Literaturgeschichte.

Dir hutt vill Studien zur Roll vun Autricen fir d’Literaturgeschicht geschriwwen. Wéi eng Fraen hunn d’Lëtzebuergesch Literatur gepräägt?

Et gëtt eng ganz Rei vu weiblechen Auteuren, déi an der Lëtzebuerger Literatur eng Bedeitung hunn. Ech denken un d’Anise Koltz, d’José Ensch, d‘Marie-Henriette Steil, d‘Liliane Welch, d’Margret Steckel, d’Josiane Kartheiser an d’Rosemarie Kieffer. Zu deene jonken Autricen, déi d’Literatur vun haut markéieren an deenen hire Wee ech mat Faszinatioun verfollegen, gehéieren e. a. d’Alexandra Fixmer, d’Claudine Muno, d‘Nathalie Ronvaux an d‘Nora Wagener.

Ass Literatur een adequate Medium, fir feministesch Iddien festzehalen an ze verbreeden?

D’Literatur sollt een net op e Medium reduzéieren, deen Iddie verbreet. Literatur, déi just Iddie vehiculéiert, huet mech och ni vill interesséiert. Literatur, déi weiblech Erfahrungen a Fraewelten thematiséiert an hannerfreet, kann awer eng feministesch Dimensioun hunn.

Kann een hei zu Lëtzebuerg an de leschten Joer och een „Fräuleinwunder“ konstatéieren, analog zu der Entwécklung an den spéiden 90er Joer an der däitscher Literaturzeen?

Hei zu Lëtzebuerg muss ee feststellen, dass Fraen, déi schreiwen, immens laang ënnerrepresentéiert waren an dass déi, déi geschriwwen hunn, vun der Literaturkritik net rezipéiert goufen. Esou gesinn ass et e risege Fortschrëtt, dass et haut vill méi a besonnesch jonk Frae gëtt, déi literaresch kreativ sinn. Dofir awer vu engen Fräuleinwunder ze schwätzen, fannen ech net néideg. Villméi géif ech mer wënschen, dass d’Fraen sech méi zoutrauen an sech net op Kannerliteratur oder Krimie beschränke géifen.

Gëtt et een genuin weiblecht Schreiwen? Am Géigesaz zu engem männlechen Schreiwen? Oder fannt Dir dës Ënnerscheedung onnëtz, jo, falsch?

Fir mech gëtt et net e weiblecht oder e männlecht Schreiwen, mee literarescht Schreiwen tout court. Wa Genderdifferenzen an engem soziale Kontext relevant sinn, fënnt een se selbstverständlech och am Schreiwe erëm. Mee et handelt sech beim Schreiwen sécher net ëm eng fir all Zäite festgesate quasi biologesch determinéiert Differenz.

Gëtt et Ärer Experienz no sexistesch Strukturen am Literaturbetriib? De Prix Servais, de wichtegste Literaturpräis hei am Land, ass beispillsweis bis elo 24 Mol decernéiert ginn, ma just véier Mol u Fraen.

Ech kann d‘Thees vun engem Sexismus an der Literaturzeen vun haut net ënnerschreiwen. Am Laf vun de Joren huet d’Präsenz vun de Fraen an der Literatur quantitativ a qualitativ zougeholl. D’Frae sinn am Kommen a wäerten de Retard an de Literaturpräisser bestëmmt ophuelen.

| – | – | – |

Elei nach véier Statements vun Auteuren an Autricen aus Lëtzebuerg zum Themekomplex:

Susanne Jaspers: Als Verlagsmitarbeiterin wie als Verlegerin habe ich immer mal wieder erleben dürfen, dass Kolleginnen oder ich selbst ungeachtet des Alters als „Meedercher“ bezeichnet wurden, deren Rolle sich in den Augen so manches männlichen Berufsgenossen auf Sekretariatstätigkeiten oder darauf zu beschränken hatte, an Messeständen „schéin ze maachen“. Diese Betrachtungsweise weiblicher Verlagsarbeit ist zwar seltener geworden, aber beileibe nicht überlebt. Als Autorin hingegen ist es mir schon häufiger passiert, dass mein Name bei in Zusammenarbeit mit männlichen Kollegen realisierten Publikationen unter den Tisch fällt. Durchaus kein rein luxemburgisches Phänomen: Auch in der renommierten ZEIT beispielsweise fand ich bereits als „gemeinsam mit seiner Frau“ Erwähnung.

Claudine Muno: Et sollt am Fong selbstverständlech sinn, dass jiddwereen am Liewen déi selwecht Méiglechkeeten huet an sech net just muss mat engem Brochdeel zefridde ginn – ob elo weinst sengem Geschlecht, senger Nationalitéit oder senger sexueller Orientéierung. Egal wéi liberal mer sinn, mir hunn dacks Schwieregkeeten domat, wann een net an déi Këscht passt an déi e passe sollt oder tëscht de Still sëtzt oder op alle Fall gläichzäiteg. Firwat am Fong? Kann et wierklech sinn, dass deem engen seng Viruerteeler um Enn méi Gewiicht hunn, wéi deem anere säi Recht op e fräit Liewen?

Lambert Schlechter: Sur d’autres plans et dans d’autres circonstances, je peux être théoricien ou même militant, plaider pour des causes, par exemple pour l’égalité des femmes, signer des pétitions, par exemple contre la violence faite aux femmes — mais quand j’écris, je suis écrivain : avec des mots et de la syntaxe, je m’exprime, en prose ou en poésie. Un thème récurrent dans mes trente livres a toujours été la femme. Célébration & désir de son corps, fascination de sa nudité, sidération devant son sexe. Dialectique de l’assouvissement & de l’insatiabilité. Tenter encore & encore de mettre des mots sur ces domaines de l’indicible & du non-dit, en essayant d’échapper aux injonctions à la décence ainsi qu’aux pièges des tabous.

Luc Spada: Wie schön wäre es, wenn Feminismus heute keine Rolle mehr spielen würde. Es müsste mit dem heutigen Toleranz – und Evolutionsstand völlig klar sein, dass Frau und Mann gleich viel Geld verdienen sollen, gleich viele Rechte haben, gleich alles ist. Punkt. Ist es aber nicht, besonders nicht in „Grab-her-by-the-Pussy-Zeiten“. Da muss man aufstehen, als Schriftsteller, als Mensch, als Frau, als Mann. Schade ist, dass sich derzeit immer mehr Fronten bilden. Hier die Männerclubs, die sich zunehmend bedroht fühlen von irgendwelchen voll krass gleichberechtigten Frauen. Dort die Frauenclubs, die nur darauf warten, irgendwas als frauenfeindlich zu interpretieren. Oft geht Humor, Intelligenz und Herz verloren, wenn Debatten darum gehen, dass es der einen Gruppe genauso gut wie der anderen gehen soll. Das muss besser werden.

 

zesummegestallt vum Samuel Hamen,

fir d’éischt erauskomm am Lëtzebuerger Journal am Kader vun der Literaturkolumne

kmmtr

1 Kommentar

  • Samuel Hamen

    bzgl. des deutschsprachigen Literaturbetriebs:

    http://www.deutschlandfunk.de/gender-in-der-literaturkritik-im-feuilleton-dominieren.700.de.html?dram:article_id=418465

    bzgl. geschlechtlich und pädagogisch gesteuerten Lesekulturen:

    https://www.54books.de/zur-kritik-des-normierten-lesens/

  • kmmtr schreiben

    Bitte beachten: Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.
    Falls Du eine Website einträgst, wird diese mit deinem Namen verlinkt.