Kommentar

Mediebëtzeg 3/6: Automobilisten – opgepasst!

von Samuel Hamen
September 26, 2018 / 0 Kommentare

Et rabbelt an der Groussgaass – nee, déi Zäite sinn eriwwer, elo, wou d’Gaassen als Foussgängerzonen deklaréiert goufen. Ma mir mussen eis keng Suerge maachen. Wie regelméisseg um Internetsite vun RTL ënnerwee ass, dee weess, datt et zu Lëtzebuerg nach genuch Gerabbels a Geknupps gëtt.

„Op de glate Stroossen huet et nees fatzeg gerabbelt!“

„Fänkches mat der Police gespillt an a se geknuppt!“

„Spektakulären Accident mat engem Salto!“

Wann een dat liest, versteet een, firwat et sech lount, sech an enger Medienkolumne méi genee mat engem Beräich aus dem Komplex „Auto“ ze befaassen. Et ass wéi sou dacks beim Mediekonsum: Egal wéi geckeg, louche oder suspekt eng sproochlech Erscheinung och ass – soubal se sech als Selbstverständlechkeet etabléiert a sech souzesoen invisibiliséiert huet, gëtt se net méi reflektéiert.

Et vergeet bal keen Dag, un deem net eng Noriicht iwwert Autosaccidenter ganz uewen an der RTL-News-Timeline steet.[1] An dësem Ament zielen ech op hirem Site, datt vu 17 Meldunge fënnef Artikelen iwwert Autosaccidenter informéieren. (Datt kee Mëssverständnes opkënnt: Ech wëll kee voyeuristesche Kommentar iwwert d’Affere vun Autosaccidenter schreiwen – dat ass privat a gehéiert a keng Ëffentlechkeet, och net heihinner. Et geet mir ëm eng aner Saach: ëm d’Sprooch an ëm d’Biller hannert deem Sujet, ëm dee ganzen diskursive Kader, deen d’Thema „Auto“ an de Medie begleet.)

Fir dës Approche mat engem schmocken Zitat opzewäerten, sief de Philosoph Roland Barthes zitéiert. A senger Essaysammlung „Mythologies“ vun 1957 heescht et iwwert den deemools neie Citroën-Modell „DS 19“: „Je crois que l’automobile est aujourd’hui l’équivalent assez exact des grandes cathédrales gothiques : je veux dire une grande création d’époque, conçue passionnément par des artistes inconnus, consommée dans son image, sinon dans son usage, par un peuple entier qui s’approprie en elle un objet parfaitement magique.“

Vun der Magie bis bei d’Relioun ass et, dat ass bekannt, just ee kuerzen Trëppeltour. Et verwonnert deemno net, datt den Auto an de Reklammen, Noriichten a Filmer als Fetisch, als auratesche Géigestand geduecht an duergestallt gëtt. Dat ass net wierklech nei, huet zu Lëtzebuerg awer eng spezifesch Form ugeholl: Während dem Autosfestival pilgere mir wéi äerdeg Sektememberen an d’Autoshäiser, laut enger Statistik vum „Verband der deutschen Automobilindustrie“ gouf et 2010 dann och zu Lëtzebuerg 680 Autoe pro 1000 Awunner. (Dat ass déi véiert Plaz weltwäit.) An uechtert d’Land goufen an de leschte Méint déi berüchtegt Blëtzer opgestallt – wéi helleg Obeliske sti se elo nieft de Stroossen. D’Press huet doriwwer geschwat, wéi wann et de gréisste Staatsakt zënter Joer gewiescht wier.

Där (sou materialistescher wéi onkritescher) Faszinatioun fir den Auto begéint een och, wann ee sech déi sëllech RTL-Artikelen iwwert Autosaccidenter méi genee ukuckt. Bei all eenzel Artikel gëtt et eng separat Fotosgalerie, mat jeeweils bis zu zwanzeg Opname vun de kollidéierten an demoléierten, vun de verbrannten an ëmgekippte Ween. Relevant Zousazinformatioune liwweren déi Fotoen net. Firwat gëtt et se dann? Firwat kënne mir eis minuttelaang duerch eng Hällewull u Fotoe vun engem klengen Accident hannert Wäisswampech klicken, fir ëmmer just dat Nämmlecht ze gesinn: futtis Autoen, mol am Detail vun no, mol an der Totale, mol vun der Säit, mol vu vir?

Dofir ginn et dräi Grënn: Et ass éischtens eng perfid Zort vun „Carcrash porn“. Sou wéi ee beim „Food porn“ héichopléisend Fotoe vum Iesse mécht, dat duerch eng avancéiert Technik ëmmer lecker ausgesäit, gëtt och hei ee Géigestand, de futtissen Auto, inzenéiert an ästhetiséiert. Dat ass och dowéinst problematesch, well et eng ethesch Fro opwerft. Ëm wat geet et hei nämlech? Ëm d’Informatioun iwwer den Akzident? Oder ëm d’Duerstellungs-Maschinerie vun engem Medien-Apparat, dee sech mat all Foto selwer aktivéiert an um Lafen hält? Zweetens ass dës Zort vu Berichterstattung eng aner Method, fir den Auto als „objet parfaitement magique“ ze fetischiséieren. An de blénkegen Autoshäiser kréie mir de poléierte Won fir d’éischte Kéier als Götze presentéiert, an de Fotosgalerien dann eng leschte Kéier, an enger Zort vun negativer dekadenter Feier. Drëttens stécht eng pädagogesch Funktioun dohannert, nom Motto: Kuck elei, wat geschitt, wann s Du beim Fueren net oppass. D’Schwätzen iwwert d’Autosfueren ass an de leschte Joer jo ëmmer méi diszplinatoresch, simplistesch a moralistesch ginn.

De Paul Hammelmann, de President vun der Sécurité Routière, mécht et mat senge Kommentare vir. An enger „Carte blanche“ huet hie viru gutt engem Joer um Radio mat enger argumentativer Scheierpaart ëm sech geschloen, an der Hoffnung, domadder och den Nol op säi butzege Kapp ze treffen: „Während Dir dëse Kommentar lauschtert, stierwe weltwäit 19 Mënschen am Stroosseverkéier. Innerhalb vu 24 Stonne sinn dat 3.800 Doudesaffer: Also all Dag een 9/11!“

Sou geet et natierlech och: Einfach jiddwereen, deen een déidlechen Accident provozéiert (a sëlleche Fäll ass domadder dat spéidert Doudesaffer selwer gemengt), schéi séier a schéin einfach zum Stroossenterroristen deklaréieren. Schwaarz-Wäiss ass a bleift numol eng vun de beléiftste Faarfkombinatiounen – ausser bei den erwäänte Fotoen. Op deene blénkt a glënnert alles, ma dat huet jo och seng Funktioun am medialen Diskurs ronderëm den Auto.

Samuel Hamen

zuerst erschienen in der Kulturbeilage des Luxemburger Tageblatt:

 

 

 

 

 

[1] Hei mol eng Lëscht, natierlech net vollstänneg:

http://www.rtl.lu/letzebuerg/1004823.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/1004648.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/1004924.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/archiv/1004400.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/archiv/1004027.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/archiv/1003608.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/archiv/1003551.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/archiv/1002051.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/archiv/1001683.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/archiv/1001547.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/archiv/1001197.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/archiv/1000911.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/archiv/1000828.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/archiv/1000226.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/archiv/999271.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/archiv/998497.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/archiv/998160.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/archiv/997002.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/archiv/996301.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/archiv/996213.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/archiv/995801.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/archiv/994428.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/archiv/993569.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/archiv/993294.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/archiv/992178.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/archiv/992083.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/archiv/990506.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/archiv/989353.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/archiv/977348.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/archiv/974187.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/archiv/970559.html

http://www.rtl.lu/letzebuerg/963381.html

kmmtr schreiben

Bitte beachten: Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.
Falls Du eine Website einträgst, wird diese mit deinem Namen verlinkt.