Kommentar

Mediebëtzeg 4/6: „Lëtzebuerg Privat“ – ee Marktschreier am Cactus

von Samuel Hamen
September 28, 2018 / 0 Kommentare

D’Toilette zougeschass – a kee wëll et gewiescht sinn. Dat ass de Prinzip, no deem „Lëtzebuerg Privat“ sech verkeeft. Do muss een natierlech direkt un de Bommeleeër-Aphorismus denken: „Et war net keen.“ Ma wie war et dann? Méi genee: Wien ass dat dann, dee sech déi Zeitung Dag fir Dag keeft? An nach méi wichteg: Firwat? Well tatsächlech relevant Informatiounen drastinn? Oder well een aus enger Jalousie eraus den Däitschen, Éisträicher oder Schwäizer imitéiere wëll, déi mat hirer BILD, hirer KRONE oder hirem BLICK ronderëmlafen? Nom Motto: Wann all anert Land seng simplistesch Zeitung huet, déi ongenee a boulevardesk schafft, dann dierfe mir hei zu Lëtzebuerg net feelen.

Bei „Lëtzebuerg Privat“ gëtt et awer ee Problem: Wann een net oppasst, hëlt een dëst graphesch, stilistesch an ideologesch konfuust Medium op eng vill ze liicht Schëller. An et rëselt een de miserabele Layout an déi verzweiwelt onkreativ Schlagzeile séier nees dovunner erof wéi nervege Schnéi am Dezember. Fir sech dann ze soen: Esou ee schlechte Produit kann an däerf keen Impakt op mech hunn. Mee sou einfach sollte mir eis et net maachen, scho guer net an dëser Kolumne. Hannert all Foto-Montage stécht een Zil, eng Iddi, déi vermëttelt wëll ginn – an an all Text gäipt eng bestëmmte Weltanschauung, eng Manéier ze denken, ze gesinn, ze schreiwen.

„Lëtzebuerg Privat“, ee Medieproduit aus der „Groupe de presse Nicolas“, kënnt zënter 2006 eraus an huet bis haut 534 Numeroe virgeluecht. Dat ass fir deen ee grujeleg vill, fir deen anere keng grouss Iwwerraschung – op jiddwer Fall ass et net näischt. Wéi also geet dës Zeitung vir, fir datt Woch ëm Woch Leit 3,90€ fir se ausginn? Dat ass méi wéi fënnef Mol sou vill wéi an Däitschland d’BILD, an där ähnlech debil Sujeten op eng technesch gescheit Manéier ëmgesat ginn (dozou méi spéit nach méi), an nach ëmmer 40 Cent méi wéi déi däitsch ZEIT, an där gescheit Sujeten op eng gescheit Manéier ëmgesat ginn. Bei „Lëtzebuerg Privat“ gëtt et bestëmmte Register, déi ëmmer nees gezu ginn, fir eng Lieserschaft u sech ze bannen. Hei also eng séier, onvollstänneg an net ëmmer seriö gemengte Lëscht mat hire Methoden. Et muss een:

1) eng permanent Bedrohungssituatioun proklaméieren. Dat, wat bei den „Déckkäpp“ de sexisteschen Altherren-Witz ass, ass fir „LP“ eng landeswäit Katastroph: Se mécht d’Essenz vun hirem Optrëtt aus. Wat genee katastrophal ass, spillt keng gréisser Roll. Et geet net ëm d’Informatioun, mee ëm d’Gefill, datt deemnächst alles vreckt fiert. Egal, ob elo een „Menschenfleisch fressendes Virus Luxemburg bedroht“ (Nr. 117), d’Éislek verstraalt ass („Radioaktive Verseuchung im Ösling“, 225) oder „10.000 Irre“ (421) duerch d’Land lafen an dowéinst eng „Gefahr für alle Luxemburger“ besteet. Jo, mir gi souguer gewarnt, datt d’Cavalcade (517), ee Cactus-Besuch (512) an den Tram (507) doudgeféierlech kënne sinn.

2) méi oder manner offensichtlech géint vermeintlech Randgruppe fachen. Dat kënnen déck Leit sinn („Schockfotos von Maria Teresa aus Finnland: Diagnose Elefantenbeine?“, Ausgab 480; „Léa: warum sie sooooo dick ist“, 470), gären och homosexuell Leit, vun deenen aus enger luscher Zort aus Homophobie a Voyeurismus geschwat gëtt: „Junger Pjanic: Spielchen mit Ricardo unter der Decke, 376). A wat ëmmer geet: Flüchtlingen, déi vu villem vill ze vill hunn: ze dacks HIV (495), ze vill Frick vum Staat (528) oder een ze duussen Ëmgang duerch d’Police (462).

3) eng plakativ Anti-Islam-Linn fueren. Laut „LP“ huet deemno „die Burka-Invasion Luxemburg längst im Griff“ (450), a well dës feindlech Arméi ganz genee weess, wéi een ee Land erobert, fänkt se mat de strategesche Raim un – „Alarm: Moslems kontrollieren Sicherheit am Findel“ (458). Do verwonnert et och net, datt „LP“ sech an enger Fotomontage glëschtereg virstellt, datt 2067 eng Moschee iwwert der Stad trount, déi architektonesch onméiglech ze bauen ass (520).

4) vëlleg obskur an anti-informativ vum groussherzoglechen Haff schwätzen, Beispill: Nowuess. An der gebärdefreedeger Onlogik vun „LP“ ass d’Stephanie mol eventuell „unfruchtbar“ (488), mol „kerngesund“ (502), mol hat si eventuell eng „Fehlgeburt“ (452), mol wëll si guer keng Mamm ginn (468). Ma dat géif sou oder sou schwiereg ginn, wou mir dach wëssen, datt de Poopst héchstperséinlech een „Sexverbot für Guillaume“ (256) ausgeschwat huet.

Wat elo bei „LP“ am Géigesaz zur BILD opfält: Wéi sou dacks zu Lëtzebuerg gëtt kopistesch geschafft. D’Zeitung ass ee Klon, dee formal eppes vun de benoperte Medien iwwerhëlt – sou wéi den Eldo-Ben ouni Succès eng Late-Night-Show op Lëtzebuerg importéiere wollt, sou wéi d’Casting-Show „Wann s de eppes kanns“ de schlechten Zwilling vun „Das Supertalent“ war. An dat geet bei „LP“ op eng sou interessant wéi grandios Manéier schif: D’Zeitung imitéiert déi ganz BILD-Rhetorik, vun der Loscht zur Empörung iwwert hetzeresch Kommentare géint déi ëmmer nämmlecht Minoritéite bis hin zum Skandal, deen notoresch proklaméiert muss ginn.

Mee et ass eng eidel Rhetorik, déi kee Kär kennt, déi net um Géigestand selwer eropwiisst, mee an eis lëtzebuergesch Situatioun implantéiert gouf. An zënterhier probéiert „LP“ mat vill Opwand a wéineg Iddien, sech ze legitiméieren als d’Artikulatiounsorgan vu medial vermeintlech net representéierte Leit. Grad dowéinst ass „LP“ sou dacks sou lächerlech – wéi een hyperaktiven, choleresche Marktschreier wierkt „LP“, dee sech an de Cactus stellt an d’Leit ubläert, fir verzweiwelt op sech opmierksam ze maachen. An dee sech da wonnert, datt säi Modell heibannen net wierklech klappt – fir just nach méi haart weiderzebierelen.

Samuel Hamen

zuerst erschienen in der Kulturbeilage des Luxemburger Tageblatt:

 

 

kmmtr schreiben

Bitte beachten: Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.
Falls Du eine Website einträgst, wird diese mit deinem Namen verlinkt.