Kommentar

Mediebëtzeg 5/6: Stressfräi mam Télécran

von Samuel Hamen
Dezember 5, 2018 / 0 Kommentare

An dëser Mediebëtzeg-Kolumne werfe mir ee Bléck op eng Zäitschrëft, déi op all zweetem Kichendësch läit: den Télécran. Mol gëtt se gelatzt duerchgebliedert, während ee waart, datt de Senseo-Kaffi duerchgelaf ass. Mol luusst ee virwëtzeg eran, well den Neveu vun der Nopesch respektiv d’Nopesch vum Neveu an engem Reportage ernimmt gëtt.

Egal wéi: Den Télécran begleet zënter ville Joren den Alldag, spigelt en, bréngt en ervir. An deem Sënn stellt sech d’Fro: Wat steet Representatives an deenen Artikelen? Wéi eng Mentalitéiten artikuléiere sech beim assoziative Bliederen duerch d’Texter? Kuerz: Wat gëtt beim Liesen evident vum „Leben in Luxemburg“, wéi et am Ënnertitel vum Télécran heescht?

Wat séier kloer gëtt: Dës Zäitschrëft schafft sech an neoliberaler Weltsiicht um Konzept „Stress“ of, ee Wuert, dat schonns 1999 zu engem vun den „100 Wörtern des 20. Jahrhunderts“ gekréint gouf. Mir kréien Tipps, wéi een no der Vakanz „stressfrei in den Büroalltag einsteigen“ kann – nämlech doduerch, datt ee sech säin Agenda fräihält. Mir gi gewuer, wéi een den „stressigen Arbeitstag“ bekämpft – andeems een an déi souwéisou scho butzeg Mëttegpaus nach ee Jogginglaf erandrätscht, fir „auf neue Gedanken“ ze kommen. D’Schaff steet also ganz kloer op éischter Plaz, och a grad, wann et ëm den Hobby geet.

Am méi laangen Artikel iwwert Improvisatiounstheater gëtt deemno direkt am Ufank gesot, fir wat dës gehypte Fräizäit-Aktivitéit daacht: „Diese Kompetenzen sind im Berufsleben sehr gefragt.“ Dorëms also geet et: Konscht am Déngscht vun der Fortbildung! Dowéinst ass et och nëmme logesch, datt déi eenzeg Persounen, déi un engem Impro-Theater-Cours deelhuelen an eis am Artikel virgestallt ginn, bei Banken an der Stad schaffen. En anert Profil, en anert Liewe léisst sech zu Lëtzebuerg bal net denken.

Okay, vläicht si mir elo e bëssen onfair ënnerwee, vläicht gesi mir just déi dräi penibel Zeilen am Télécran – a beim grousse Rescht hale mir d’Aen tockeg zou. Ma keng fënnef Säiten duerno stousse mir op d’Kolumne „Katzen-Sprung“. An do liese mir ee Saz, vun deem ech net geduecht hätt, datt e je hätt kéinte geduecht a geschriwwe ginn: „Wenn ich die Grundsätze der Achtsamkeit richtig verstanden habe, sollte man beim Zähneputzen wirklich nur ans Zähneputzen denken, der Geist soll sich aufs Hier und Jetzt konzentrieren.“ An där uewe skizzéierter Télécran-Logik gëtt hei souguer d’Botze vun den Zänn zum groussen Ament vun der stressfreier Achtsamkeet deklaréiert.

Do bliedert een dach gären a séier weider, just fir dann awer nees op den nämmlechte Chantier ze stoussen. Am „Buchtipp“ gëtt d’Monographie „Partnerglück“ virgestallt, ee Buch, dat dem Lien tëscht kierperlecher Gesondheet an enger gudder Bezéiung nogeet. An nees fanne mir ee Saz, deen ee sech am léifste mat engem Magnéit aus der Vakanz un de Frigo hänke géif: „Der gesundheitliche Nutzen einer funktionierenden Beziehung ist erstaunlich groß.“ Wat heescht dat elo? Datt Singles méi fréi stierwen? Datt ee sech mat deem selwechte schëllegen Elan an eng Bezéiung geheie soll, mat deen een nom Joggen an der Mëttegpaus un engem risege Smoothie suckelt? Well béides engem hëlleft, méi gesond an al ze ginn? Gëtt et da keng Iddi ausserhalb vun der Effizienz-Logik? Ausserhalb vun dem Denken an de Kategorien „Schaffen“, „Erhuelen“ an „Optiméierung“?

Bon, mir bliederen nach eng Kéier weider, elo scho liicht nervös. Tëscht an an den Zeile spiert een d’Dilemma vun dëser Zäitschrëft, déi dacks just nach kaf gëtt, fir datt d’Leit spontan de Fernsehprogramm consultéiere kënnen. Mee wann op der Tëlee gréisstendeels Wouscht leeft, da mussen Télécran et al. iwwert genee dee Wouscht schreiwen. An da muss numol eng Foto kommentéiert ginn, op där de Kai Pflaume op engem gepolsterte Schaukelpferd sëtzt, mat engem Meedchen op engem Einhorn nieft sech: „Kleine Herausforderungen: Kai Pflaume im Wettrennen gegen eine junge Kandidatin.“

Endlech si mir bei der Musek ukomm, beim Entertainment. Deen ass jo dofir do, eis zouverlässeg ofzelenke vum (Schaff-)Misär. Op där Säit gëtt eis den Album „Trippinʼ with Dr. Faustus“ vun „Amplifier“ virgestallt, an am Artikel ass een iwwerrascht dovunner, datt „sogar eine Frau, Beth Zeppelin, mal ans Mikro darf.“ A genee eng Zeil drënner fänkt déi nächst Album-Presentatioun mam Titel „Dicke Hose“ un. Nee, och hei keng Léisung a Siicht.

Am léifste géif ee sech elo ewechdreemen, fort aus der Lëtzebuerger Üblechkeet, wéi mir se op dëse Säite presentéiert kréien. Praktesch, datt den Artikel „Kreislaufwirtschaft. Abfall war gestern“ wéi eng Fantasie-Rees ufänkt: „Stellen Sie sich vor, Sie müssten den Fußbodenbelag für die Innenräume Ihres Hauses nicht mehr kaufen, sondern könnten ihn mieten.“ Sou also kléngt déi materialistesch Versioun vun „Imagine“ am Joer 2017. Dem John Lennon säin Original hat deemools iergendwéi méi idealistesche Pathos.

Zum Schluss lande mir beim gudden ale Kreuzworträtsel. D’Léisungswuert an der éischter Septemberausgab ass – opgepasst, kee Spoiler: „Schueberfouer“. Och hei schéngt sech d’Imaginatioun duerch d’Bascht gemaach ze hunn. Als Trouscht: Bei der revue, dem Konkurrenz-Organ, war d’Léisungswuert dëslescht tout simplement „Fernsehprogramm“. No deem Rätsel huet een dunn de Fernsehprogramm fonnt, wéi wann et eng verstoppten Inhaltsangab gewiescht wier.

Bon, wat bleift iwwreg no där Méi, mat där ee sech duerch all déi Säite gewullt huet? Eng Vakanz! Déi allerlescht Säit am Télécran proposéiert: Panama, mat engem Vol vu Frankfurt aus, fir bal 3500€  pro Persoun. Ee Fest fir all déi Banker a Consulting-Männercher! Sou léisst sech an enger schéiner Synthees Schaff a Fräizäit matenee verbannen. Op deenen 162 Säite vum Télécran schéngt sech tatsächlech „das Leben in Luxemburg“ representativ zesummenzezéien, ongewollt natierlech, ma dofir ëmsou méi direkt an onverstallt.

Samuel Hamen

zuerst erschienen in der Kulturbeilage des Luxemburger Tageblatt:

 

kmmtr schreiben

Bitte beachten: Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.
Falls Du eine Website einträgst, wird diese mit deinem Namen verlinkt.